Futtball: Coupe de LuxembourgAm 1. Tour gouf et eng Partie Iwwerraschungen

RTL Lëtzebuerg
Um Weekend gouf den 1. Tour vun der Coupe de Luxembourg gespillt. Verschidden Ekippen aus der 2. Divisioun hu mat enger Victoire de nächsten Tour areecht.
© Val Wagner (Archiv)

An och Schuller aus der 3. Divisioun huet sech no der Victoire géint Folscht fir den 2. Tour qualifizéiert.

Suessem, Käerch an Ëlwen aus der 2. Divisioun hunn hir Matcher gewonnen a stinn an der nächster Ronn.

Den FC Luxembourg City (1. Divisioun) huet sech just knapp no Verlängerung zu Näerzeng (2. Divisioun) duerchgesat.

D’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO