Erfolleg fir Fan-InitiativAn den europäesche Kompetitiounen dierf ee geschwënn erëm stoen

RTL Lëtzebuerg
Esou dierfe Clibb aus Däitschland, Frankräich an England souwuel un Heem- wéi och un Auswäerts-Fans Stéi-Plaz-Tickete verkafen.
© AFP

D’Fan-Initiativ “Europe Wants To Stand” konnt den Exekutiv-Kommitee vun der UEFA iwwerzeegen, nees Stéi-Plaze fir déi dräi europäesch Club-Ligen, d’Champions League, d’Europa League an d’Conference League, ze erlaben.

Esou dierfen an enger éischter Testphas Veräiner aus England, Frankräich an Däitschland erëm esou Tickete verkafen. Dëst ab der Saison 2022/23. Och Veräiner aus Spuenien an Italien wieren dozou berechtegt, allerdéngs ginn et aus deene Länner keng Veräiner, déi iwwert Stéi-Plaz-Kapazitéite géife verfügen.

An enger zweeter Phas kéinten da Veräiner aus den anere Ligen nozéien.

Am Joer 1998 ware Stéi-Plaze fir Futtballmatcher op europäeschem Niveau verbuede ginn. Dëst fir en zweeten Hillsborough-Drama, an deem am Joer 1989 97 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn, z’evitéieren.

Déi nei UEFA-Reegel kënnt virun allem den däitsche Veräiner ze gutt. Dës kënnen hir Stadien elo nach méi auslaaschten an domadder nach méi Tickete verkafen.

D’Supportere vun Union Berlin freet dës Decisioun iwwerdeems ëmsou méi. De Veräin aus der däitscher Bundesliga dierf elo am eegene Stadion déi international Matcher bestreiden a muss net méi an de Stadion vum onbeléiften Noper Hertha BSC auswäichen.

Back to Top
CIM LOGO