
Aus der Eneps, der École nationale de l’éducation physique et des sports, ass den Inaps ginn, den Institut national de l’activité physique et des sports, d’Finanzéierungsgesetz vum Vëlodrome ass gestëmmt, an och d’Reforme vum Congé Sportif ass duerch. Hei gëtt et awer e klenge Bemol an zwar muss nach en informatesche Programm geschriwwe ginn, fir déi komplex Rechnung vum neie Congé Sportif ze geréieren, an dee Programm ass eréischt den 1. Januar d’nächst Joer un operationell. Ënnert anerem doriwwer huet de Franky Hippert am Summerinterview mam Sportminister Georges Engel geschwat.
Fir de Sportminister ass et e wichtege Schratt, fir de Sportsmouvement hei zu Lëtzebuerg, datt aus der Eneps, d’Inaps gouf. No Laangem waarde gëtt de Vëlodrome dann elo zu Munneref gebaut... Endlech, seet de Georges Engel. D’Finanzéierungsgesetz ass och schonn duerch d’Chamber.
De Sportminister bedauert, datt den neie Sportlycée zu Mamer eréischt fréistens an 8 Joer fäerdeg soll sinn, well fir de Georges Engel daueren d’Prozedure bei esou Projeten hei zu Lëtzebuerg einfach ze laang.
De Georges Engel erzielt awer och, datt hie sech gutt ka Virstellen, eng Kéier mam Jean Asselborn am Mount August, beim Ausseminister sengem ganz perséinlechen Tour duerch Frankräich mam Vëlo matzefueren.