Lëtzebuerger Futtballer am AuslandAnthony Moris a Royale St. Gilloise bleiwen un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
De Sonndeg war keen erfollegräichen Dag fir d'Lëtzebuerger Futtballspiller. Et goufen véier Defaiten an ee Gläichspill.
© RTL-Archiv

Um Sonndeg war den Eric Veiga mat sengem Veräin Vilafranquense géint déi zweet Ekipp vu Benfica Lissabon am Asaz. Um Schluss gouf et eng 1:2-Néierlag fir d’Ekipp vum Lëtzebuerger, deen an der 68. Minutt agewiesselt gouf.

De Vincent Thill stoung bei der 1:2-Defaite vun Örebro an der zweeter Hallschent um Terrain, konnt d’Néierlag awer net verhënneren. An der Nospillzäit krut d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller ee Spiller mat Rout vum Terrain gesat.

An der Belsch war den Anthony Moris mat Royale Union St. Gilloise bei Royal Antwerpen op Besuch. Et war den zweete Match vun de Playoffs a béid Ekippen hu sech 0:0 getrennt. De Veräin vum Lëtzebuerger huet nach eng kleng Avance op den FC Bruges.

Véier Lëtzebuerger stoungen am Kader vu Jammerbugt fir de Match géint Köge. De Farid Ikene an den Omar Natami stoungen an der Startformatioun, de Leonel Gomes an den Diogo Pimentel, deen agewiesselt gouf, hu fir d’éischt op der Bänk Plaz geholl. Um Schluss gouf et eng 0:3-Defaite fir Jammerbugt.

An der Tierkei stoung den Olivier Thill mat Eyüpspor um Terrain, konnt d'1:2-Defaite géint Istanbulspor awer net verhënneren. Eyüpspor verléiert doduerch wichteg Punkten am Kampf ëm den Opstig fir an d’Süper Lig.

Samschdeg

An der éischter Bundesliga huet Mainz mam Leandro Barreiro 3:1 géint de Champion Bayern München gewonnen. An der 57. Spillminutt huet de Lëtzebuerger den 3:1 markéiert. An der 92. Minutt gouf hien ausgewiesselt.

Och de Mathias Olesen koum bei der 4:1-Victoire vu Köln zu Augsburg an den Asaz. De Steffen Baumgart huet de Mëttelfeldspiller an der 84. Minutt op den Terrain bruecht.

Erzgebirge Aue mam Tim Kips an Dirk Carlson ass iwwerdeems 0:6 zu Darmstadt ënnergaangen. Aue ass domadder ofgestigen a spillt nächst Saison an der 3. Liga. De Kips war am Kader, huet awer net gespillt. De Carlson huet de ganze Match duerchgespillt.

An Holland huet Sparta Rotterdam a leschter Sekonn den 1:1 géint AZ Alkmaar geschoss. De Laurent Jans gouf an der 83. Minutt agewiesselt. De Mica Pinto stoung wéinst enger Verletzung net am Kader. Sparta bleift op der leschter Tabelleplaz.

A Griichenland huet OFI Kreta mat 0:1 géint Panetolikos verluer. De Vahid Selimovic souz de ganze Match op der Bänk.

Weiderhi gutt leeft et dogéint fir den Danel Sinani a Co zu Huddersfield. Zu Coventry huet ee sech mat 2:1 duerchgesat, de Lëtzebuerger war awer wéinst enger Blessur net am Kader. Huddersfield huet sech sécher fir d’Playoffs ëm den Opstig qualifizéiert. Eng theoretesch Chance fir direkt opzesteigen ass och nach do.

An Zypern gouf et 0:0-Remis teschent Achnas a Paeek. Dem Tim Hall war net am Kader.

Fir de Enes Mahmutovic gouf et eng kloer 0:5-Defaite bei Ludogorez Rasgrad. De Lëtzebuerger huet et net an d’Ekipp gepackt.

Och net am Kader war den Edin Osmanovic zu Sered an der Slowakei. Tëschent Sered a Streda sollt um Enn kee Gol falen.

Freideg

An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Sandhausen e Freideg den Owend mat 1:2 géint Schalke verluer. Schalke steet an der provisorescher Tabell elo op Plaz 1.

Datt Sandhausen déi nächst Saison och nach an der 2. Bundesliga spillt ass esou gutt wéi sécher. De Lëtzebuerger Maurice Deville gouf bei den Haushären an der 79. Minutt agewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO