
Mainz huet sech mat 3:1 géint de Champion Bayern München duerchgesat. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro huet dobäi de Gol zum 3:1 markéiert. Bei de Gäscht huet een am Ufank d’Nowierkunge vun der Meeschterschaftsfeier gemierkt, well si hu ganz schwaach ugefaangen. Barreiro a Co. waren déi besser Ekipp a sinn duerch de Burkardt verdéngt 1:0 vir komm. No engem Fräistouss huet de Niakhaté nach een drop gesat. Virun der Paus huet de Lewandowski verkierzt. D’Heemekipp huet sech awer net veronséchere gelooss an huet sech och an der 2. Hallschent net verstoppt. Nom Gol vum Barreiro hat de Champion näischt méi dogéint ze setzen.
Dortmund huet iwwerdeems an engem geckege Match 3:4 géint Bochum de Kierzere gezunn. No 3 Minutte gouf de BVB kal erwëscht, de Polter hat d’Gäscht mat 1:0 a Féierung geschoss. Kuerz drop huet den Holtmann souguer op 2:0 erhéicht. Dono huet den Haaland awer duerch 2 Eelefmeteren op 2:2 gesat. No der Paus huet Dortmund den drëtte Gol markéiert. D’Gäscht hunn awer net opginn an hunn hirersäits duerch Goler vu Locadia a Pantovic de Match gedréint.
Bielefeld huet sech beim 1:1-Remis géint d’Hertha eng kleng Chance geséchert, fir awer nach direkt an der Bundesliga ze bleiwen. D’Hertha war duerch den Tousart an der 55. Minutt a Féierung gaangen. De Nilsson huet de glécklechen Ausgläich an der 91. Minutt markéiert.
Duerch den 1:1 beim VfB Stuttgart huet Wolfsburg de Maintien sécher. Fir Wolfsburg huet de Brooks an der 13. Minutt de Ball an de Filet gesat. An der 89. Minutt huet de Führich fir d’Heemekipp ausgeglach.
Zu Augsburg hat Köln iwwerdeems keng Problemer fir sech mat 4:1 duerchzesetzen. De Lëtzebuerger Mathias Olesen gouf an der 84. Minutt agewiesselt.
Um Samschdeg Owend gouf et beim 3:4 tëschent Hoffenheim a Freiburg eng weider Partie mat ville Goler. Nom 1:0 fir Freiburg duerch de Sallai huet de Kramaric an der 1. Hallschent ausgeglach. Nom Säitewiessel ass de Spectateure flotte Futtball gewise ginn. De Stiller huet fir Hoffenheim de Match beim 2:1 gedréint. D’Gäscht haten an der Suite eng super Phas a sinn duerch Günter, Höler a Jeong op 4:2 fortgezunn. Den Uschlossgol vum Rudy sollt ze spéit falen. Freiburg huet an der Course ëm d’Champions-League-Plazen weiderhin e Wiertche matzeschwätzen.
Am internationale Futtball huet sech Real Madrid a Spuenien de 35. Meeschtertitel geséchert.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.