Union St-GilloiseAnthony Moris spillt an der Europa League

RTL Lëtzebuerg
Union St-Gilloise huet nom Allersmatch och de Retourmatch géint Lugano gewonnen an domadder den Ticket fir d'Gruppephas vun der Europa League geléist.
© AFP

Mam Anthony Moris steet e Lëtzebuerger Nationalspiller an der Gruppephas vun der Europa League. De Golkipp huet mat sengem Veräin Union St-Gilloise en Donneschdeg den Owend de Retourmatch zu Lugano an der Schwäiz mat 1:0 gewonnen. Den Allersmatch hat de Veräin aus der Belsch mat 2:0 fir sech entscheet.

Den Anthony Moris stoung a béide Matcher tëscht de Pottoe vun Union St-Gilloise.

D’Auslousung vun der Gruppephas ass e Freideg.

Back to Top
CIM LOGO