Lëtzebuerger Futtballer am AuslandAnthony Moris weider staark ënnerwee mat Royale Union St. Gilloise

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalgolkipp huet mat senger Ekipp 2:0 zu Waregem gewonnen. Donieft gouf et nach e Remis fir de Christopher Martins mat Bern.
© pressphoto (Archiv)

Um 14. Spilldag an der griichescher Super League huet Kreta duerch e Géigegol an der 90. Minutt géint Aris Thessaloniki 1:1 gläichgespillt. De Vahid Selimovic souz de ganze Match op der Bänk.

An der Tabell läit Kreta op der 6. Plaz a ka weiderhi vum Europapokal dreemen.

Mëttwoch

E Mëttwoch den Owend hunn den Anthony Moris a Royale Union St. Gilloise eng weider staark Leeschtung am belsche Championnat gewisen. Um 19. Spilldag huet den Opsteiger mat 2:0 zu Waregem gewonnen, dat ass schonn déi 14. Victoire an dëser Saison. Domadder bleift ee weider un der Tabellespëtzt an et huet een eng Avance vu 4 Punkten op den FC Bruges. Den Anthony Moris stoung beim Succès wéi gewinnt tëscht de Pottoen an huet nees kee Ball eragelooss. Et war deen aachte Match zu Null. Bis ewell huet St. Gilloise dës Saison eréischt 18 Goler kasséiert.

An der Super League an der Schwäiz stoung um 14. Spilldag de Spëtzematch tëscht de Young Boys Bern an dem FC Basel um Programm. De Lëtzebuerger Christopher Martins stoung de ganze Match um Terrain. D’Partie ass mat engem 1:1-Remis op en Enn gaangen. Iergerlech fir Bern ass, datt een et verpasst huet, fir duerch een Eelefmeter den 2:1 ze markéieren. An der Tabell steet den FC Zürich un der Spëtzt. Martins a Co. leien op der véierter Plaz an hunn e Retard vu siwe Punkten.

An de 1/16-Finalle vun der Coupe an Holland ass Sparta Rotterdam mam Laurent Jans an dem Mica Pinto eliminéiert ginn. Mat 1:2 huet ee sech bei Vitesse Arnheim misse geschloe ginn. De Laurent Jans stoung de ganze Match um Terrain, de Mica Pinto gouf an der 82. Minutt agewiesselt.

Dënschdeg

An der Bundesliga huet Mainz der Hertha vu Berlin keng Chance gelooss. No 90 Minutten huet sech d’Ekipp vum Svensson kloer mat 4:0 duerchgesat. An der Paus war d’Lokalekipp mat 2:0 a Féierung. De Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun a gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt.

Duerch dës Victoire steet Mainz op d’mannst bis e Mëttwoch op der 6. Plaz an der Tabell (Qualifikatioun Conference League).

Back to Top
CIM LOGO