Premier LeagueArsenal klappt Fulham, Tottenham wënnt bei Cardiff

RTL Lëtzebuerg
Op der Insel ass de Ball och schonn um 1. Dag vum Joer gerullt, 3 Partië vum 21. Spilldag stoungen um Programm.

Arsenal ka sech doheem kloer mat 4:1 géint Fulham behaapten, Tottenham geet och kloer mat 3:0 op Cardiff wannen an Everton muss sech doheem Leicester mat 0:1 geschloe ginn.

Doduerch bleift Tottenham uewen drun an ass aktuell Zweeten an der Tabell.

Den Tabellenéischte Liverpool an den Tabellendrëtte Manchester City mussen awer nach spillen - an zwar géinteneen! Den 3. Januar ass dësen Duell, déi aner 6 Matcher vum 21. Spilldag ginn e Mëttwoch gespillt.

PREMIER LEAGUE: Resultater an Tabell.

Back to Top
CIM LOGO