
An der Bundesliga huet Dortmund um leschte Spilldag virun der Wanterpaus iwwerraschend bei der Hertha verluer. Och de Leandro Barreiro verléiert mat Mainz zu Frankfurt. All d’Resultater fannt dir hei.
An der Belsch bleift d’Royale St. Gilloise mam Lëtzebuerger Anthony Moris no der 3:2-Victoire géint Cercle Bruges weiderhin op der éischter Plaz an der Tabell. An der zweeter englescher Liga huet den Danel Sinani säin drëtte Gol vun der Saison geschoss. Hei fannt dir den Iwwerbléck iwwert déi aner Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.
Leeds United - Arsenal 1:4
0:1 Martinelli (16'), 0:2 Martinelli (29'), 0:3 Saka (42'), 1:3 Rafinha (75', Eelefmeter), 1:4 Smith Rowe (84')
An England gewënnt Arsenal mat 4:1 souverän zu Leeds a bleift an der Tabell op der 4. Plaz. D’Gunners hu vun Ufank un de Match dominéiert a si verdéngt duerch zwee Goler vum Martinelli a Féierung gaangen. Virun der Paus huet de Saka mam drëtte Gol fir kloer Verhältnisser gesuergt. De Rafinha konnt zwar nach emol fir d’Heemekipp verkierzen. De Smith Rowe huet duerch säi Gol an der Schlussphas awer den Deckel drop gemaach. Leeds United bleift op an der Tabell op der 16. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo - AS Roum 1:4
0:1 Abraham (1'), 0:2 Zaniola (27'), 1:2 Cristante (45+1', Selbstgol), 1:3 Smalling (72'), 1:4 Abraham (82')
No 6 Victoiren um Stéck huet Atalanta Bergamo géint d’AS Roum eng héich Defaite missen astiechen. D’Ekipp vum José Mourinho war direkt um Terrain an ass an der éischter Minutt a Féierung gaangen. Den Zaniolo huet an der 27. Minutt erhéicht. Virun der Paus ass Atalanta awer nach emol erukomm. Nom Säitewiessel gouf e Gol vun der Heemekipp oferkannt. D’Moral war gebrach an d’Gäscht konnten zwee weider Goler duerch Smalling an Abraham markéieren. Fir Roum war et e wichtegen Erfolleg fir an der Lutte ëm déi international Plaze weiderhin e Wuert matzeschwätzen.
Bologna - Juventus Turin 0:2
0:1 Morata (6'), 0:2 Cuadrado (69')
Juventus huet zu Bologna misse gewanne fir an der Tabell weiderhi Kontakt un déi international Plazen ze halen. Mat der néideger Motivatioun sinn d’Bianconeri och an d’Partie gaangen. De Morata huet fréi de 1:0 fir seng Faarwe markéiert. Juventus huet de Match geréiert ouni sech vill Chancen erauszespillen. An der 69. Minutt huet de Cuadrado de virentscheedende 2:0 geschoss. Juventus steet no 18 Spilldeeg op der 6. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Barcelona - Elche 3:2
1:0 Jutgla (16'), 2:0 Gavi (19'), 2:1 Tete Morente (62'), 2:2 Milla (63'), 3:2 Nico (85')
A Spuenien koum Barcelona nach emol mat engem bloen An dovun. Nodeems d’Ekipp vum Xavi an der éischter Hallschent komfortabel 2:0 vir war, konnt Elche nom Säitewiessel innerhalb vun zwou Minutten zweemol markéieren. Barcelona huet bis zum Schluss misse kämpfen, sinn awer kuerz viru Schluss belount ginn. De Nico huet mat sengem Gol fir 3:2-Schlussresultat gesuergt.