Bundesliga Bielefeld wënnt zu Leipzig, Mainz verléiert géint Frankfurt

RTL Lëtzebuerg
Donieft kënnt Gladbach nom Remis géint Hoffenheim weiderhin net vum Fleck. Um Samschdeg Owend huet Berlin géint Dortmund d'Iwwerhand behalen.
© AFP

Eintracht Frankfurt huet doheem verdéngt mat 1:0 géint Mainz gewonnen. De Leandro Barreiro stoung vun Ufank un um Terrain, ass awer an der Paus ausgewiesselt ginn. Zu Frankfurt ass Mainz an der éischter Hallschent net gutt an de Match komm. D’Gäscht waren offensiv ze harmlos an hunn defensiv déi eng oder aner Chance vu Frankfurt zougelooss. An der 35. Minutt konnt de Lindström dann och den 1:0 markéieren. An der zweeter Hallschent stoung Frankfurt kompakt an huet weiderhi wéineg zougelooss. Um Enn ass et fir Mainz net duergaange fir Defaite ze verhënneren.

No véier Defaiten hannerteneen huet Gladbach zu Hoffenheim d’Victoire an der Nospillzäit aus der Hand ginn an 1:1-Remis gespillt. D’Ekipp vum Adi Hütter huet an den éischten 30 Minutte veronséchert gewierkt an den Terrain der Heemekipp iwwerlooss. Géint de Spillverlaf sinn d’Gäscht no engem Corner duerch den Embolo a Féierung gaangen. Och no der Paus stoung de Gladbacher Keeper Sommer ëmmer nees am Fokus an huet seng Ekipp mat flotte Paraden am Match gehalen. Den Akpoguma konnt fir Hoffenheim an der Nospillzäit nach ausgläichen.

Fir RB Leipzig ass et och am leschte Match virun der Wanterpaus net gutt gelaf. D’Heemekipp huet mat 0:2 géint den Ofstigskandidat Arminia Bielefeld verluer. No enger ausgeglachener éischter Hallschent huet Bielefeld duerch de Serra an den Okugawa zweemol markéiert. D’Rout Kaart fir de Klos vu Bielefeld huet näischt méi um Schlussresultat geännert.

Donieft gouf et e 0:0-Remis tëschent Greuther Fürth an Augsburg. Union Berlin konnt sech ausserdeem zu Bochum knapp mat 1:0 duerch e Gol vum Max Kruse (16') behaapten.

Um Samschdeg Owend gouf et zu Berlin eng déck Iwwerraschung. D’Hertha huet géint Dortmund mat 3:2 gewonnen. Dobäi hat et fir d’Ekipp vum Marko Rose am Ufank nach gutt ausgesinn. De Brandt hat seng Faarwen an der éischter Hallschent a Féierung geschoss. No der Paus huet d’Hertha awer mat Drock no vir gespillt a sech duerch zwee Goler belount. De Belfodil an de Richter hate fir d’Heemekipp markéiert. Dortmund war an där Phas net konzentréiert an huet duerch eege Feeler dem Géigner och nach en drëtte Gol duerch de Richter erlaabt. Kuerz viru Schluss huet den agewiesselten Tigges nach verkierzt, mee un der Victoire fir d’Berliner sollt dat näischt méi änneren.

Hei fannt dir den Iwwerbléck iwwer d’Resultater vun den aneren internationale Ligen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO