Besonnesch an Italien ass de Problem, wéi ze erwaarden, am Moment relativ grouss. E Mëttwoch hu sech zu Roum d'Clibb aus der Seria A zesummegesat, fir e koherenten a laangfristege Plang auszeschaffen, sollt ee Schwieregkeeten hunn, d'Championnat bis op en Enn ze spillen.
Bis elo goufen 10 Matcher no hanne verluecht, dat dacks a leschter Minutt, wat Kritik un den Autoritéite matsechbruecht huet. An de Regioune Lombardia, Veneto an Emilia Romagna goufe Sportsevenementer ofgesot. UEFA-Kompetitioune ginn a Risikoregiounen am Ament ouni Public gespillt.
Den Organisateur vun de Strade Bianche e Samschdeg an Tirreno-Addriatico déi Woch drop fäert, d'Coursse mussen ofzesoen. Onofhängeg dovun hu verschidden Ekippe schonn decidéiert, net an Italien ze reesen. Déi australesch Formatioun Mitchelton-Scott, déi eng Dammen- an Hären-Ekipp huet, huet souguer decidéiert, bis den 22. Mäerz net méi bei Course matzefueren a verzicht ënnert anerem op Paris-Nice nächst Woch.

Schonn zënter leschter Woch si verschidde Coureuren zu Abu Dhabi an engem Hotel ënner Quarantän. D'Ekippe Cofidis, Groupama, Emirates an Rusvelo si bis viraussiichtlech de 14. Mäerz do blockéiert, well op hire Stack 6 Leit positiv op de Virus getest goufen.4 Dovunner solle Cycliste sinn.
E Mëttwoch de Mëtteg hu sech net manner wéi 11 Ekippendokteren iwwer e Schreiwes bei der internationaler Vëlosfederatioun gemellt an d'Annulatioun vun de Strade Bianche an Paris-Nice gefrot.
Hei zu Lëtzebuerg ass den Relais pour la Vie vun der Fondation Cancer, deen den 21. an 22. Mäerz sollt sinn, ofgesot, dat fir Immun geschwächte Persounen net onnéideg a Gefor ze bréngen. Beim Relais puer la Vie sinn all Joer bis zu 13.000 Leit ageschriwwen. An zu Tokyo ass een am Moment nach fest gewellt, d'olympesch Spiller wéi geplangt duerchzezeien. Och den IOC huet dat nach emol confirméiert.