
Sportlech ass de Futtballclub aus Bordeaux an der Saison 2021/22 vun der héchster franséischer Spillklass an d’Ligue 2 ofgestigen. Domadder net genuch, hat de franséische Verband se wéinst finanzielle Schwieregkeeten an d’National 1, déi drëtthéchste Spillklass relegéiert.
Dës Decisioun huet d’Fédération française de football (FFF) en Mëttwoch de Mëtten allerdéngs revidéiert. Ënner strenge finanziellen Oplage gouf dem Veräin aus der Aquitaine elo erlaabt awer an der Ligue 2, der zweethéchster Spillklass unzetrieden. Domadder spillt Girondins Bordeaux ufanks August héchstwarscheinlech géint den FC Valenciennes an net, wéi ursprénglech geplangt, géint Sedan.
Aus Lëtzebuerger Siicht dierft dës Nouvelle net ganz oninteressant sinn, esou ass de Gérard Lopez de President vum Veräin.