Hansa RostockBännerrass beim Sébastien Thill

RTL Lëtzebuerg
De Sébastien Thill huet sech bei der 0:1-Néierlag vun Hansa Rostock géint den FC Heidenheim ee Bänner- a Kapselrass am rietse Spronggelenk zougezunn.
© RTL Archiv

Dat huet Hansa Rostock en Dënschdeg op Twitter matgedeelt. Wéi laang den Thill ausfale wäert, ass nach onkloer.

Den 28 Joer ale Lëtzebuerger Futtballnationalspiller stoung e Sonndeg um éischte Spilldag vun der 2. Bundesliga vun Ufank u géint Heidenheim um Terrain, misst allerdéngs no 22 Minutte rëm ausgewiesselt ginn. De Match huet Rostock mat 0:1 verluer.

Back to Top
CIM LOGO