
E Sonndeg stoungen am internationale Futtballchampionnat nees eng Rei wichteg Matcher um Programm. An der Premier League ass Manchester City just nach eng Victoire vum néngte Championstitel fort, Stuttgart rutscht an der Bundesliga duerch en 1:1 géint Leverkusen op d’Plaz 17 of. A Spuenien ass Barcelona Champion an Atlético Madrid verléiert no enger Defaite déi zweet Plaz un de Stad-Rival Real Madrid.
Stuttgart - Leverkusen 1:1
1:0 Guirassy (57'), 1:1 Palacios (70')
Stuttgart ass no engem 1:1 géint Leverkusen op déi 17. Plaz an der Tabell gerutscht. No enger schwaacher éischter Hallschent ouni Héichpunkten an ouni Goler ass och ufanks vum zweete Duerchgang net all ze vill geschitt. En éischte Gol sollt da per Eelefmeter falen. No engem Feeler vum Palacios war de Guirassy vum Punkt äiskal bliwwen a konnt d’Stuttgarter domat a Féierung bréngen. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet den Arbitter dann eng zweete Kéier op de Punkt gewisen. Hei konnt de Palacios säi Feeler rëm gutt maachen an op 1:1 ausgläichen. Um Enn ass et beim gerechte Remis bliwwen.
Leipzig - Bremen 2:1
0:1 Bittencourt (70'), 1:1 Orban (87'), 2:1 Szoboszlai (90+6')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Everton - Manchester City 0:3
0:1 Gündogan (37'), 0:2 Haaland (39'), 0:3 Gündogan (51')
Duerch en 3:0-Succès géint Everton feelt Manchester City net méi vill fir den 9. englesche Championstitel. Géint déif stoend Géigner hunn d’Cityzens eng Zäit gebraucht, fir e Wee virun de Gol ze fannen. No enger gudder hallwer Stonn waren et dann de Gündogan an den Haaland, déi d’Gäscht bannent zwou Minutte mat 2:0 a Féierung brénge konnten. Kuerz nom Säitewiessel huet de Gündogan da mam 3:0 scho fir eng kleng Decisioun gesuergt. Manchester City huet d’Féierung trotz vereenzelte Chancë fir Everton souverän iwwert d’Zäit bruecht a séchert sech domat déi wichteg dräi Punkten.
Arsenal - Brighton 0:3
0:1 Enciso (51'), 0:2 Undav (86'), 0:3 Estupinan (90+6')
Arsenal huet mat enger 0:3-Defaite dräi essentiel Punkten an der Course ëm de Championstitel leie gelooss. An enger éischter intensiver Hallschent hat Brighton méi de Ball, Arsenal awer déi besser Chancen. Ouni Goler ass et an den zweeten Duerchgang gaangen, wou et net laang gebraucht huet bis den Enciso op 1:0 fir de Gaascht stelle konnt. D’Seagulls hate weider méi Undeeler um Match an hu kuerz viru Schluss dann am Numm vum Undav an Estupinan fir d’Decisioun gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Monza - Neapel 2:0
1:0 Dany Mota (18'), 2:0 Petagna (54')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Clermont - Lyon 2:1
0:1 Lacazette (22'), 1:1 Kyei (25'), 2:1 Kyei (65')
Monaco - Lille 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Elche - Atlético Madrid 1:0
1:0 Fidel (41')
Espanyol - FC Barcelona 2:4
0:1 Lewandowski, 0:2 Balde (20'), 0:3 Lewandowski (40'), 0:4 Kounde (53'), 1:4 Puado (73'), 2:4 Joselu (90+2')
No der souveräner Victoire bei Espanyol ka Barcelona feieren. Fir déi 27. Kéier ass ee spuenesche Champion. Et ass deen éischten Titel zanter 2019.