
Zanter dem leschte Weekend steet Hesper schonn als neie Champion fest. Um 29. Spilldag huet ee sech mat engem 1:1 géint d’Jeunesse getrennt.
Ënnen an der Tabell ass et dogéint weider ganz spannend. Ee Spilldag viru Schluss steet mat Hueschtert deen éischten Ofsteiger fest. No der 0:1-Néierlag zu Déifferdeng muss de Veräin de Wee an d’Éierepromotioun untrieden.
D’Decisioun ëm den zweeten Ofsteiger fält um leschte Spilldag. Käerjeng (22 Punkten) steet op der zweeter Ofstigsplaz. No der 2:1-Victoire géint Rouspert däerf een awer weider hoffen. Duerch den 3:0 vun der Etzella (23 Punkten) géint Stroossen läit ee weiderhin ee Punkt auserneen.
Wichteg Punkte leie gelooss huet d’Fola. Géint de Racing gouf et een 1:1. Domadder steet ee mat 26 Punkten op enger Barrageplaz. Monnerech huet duerch d'4:1-Victoire géint Péiteng och 26 Punkten um Kont a wier aktuell gerett.