
Athletic Bilbao muss sech doheem 1:3 géint Sevilla geschloe ginn.
Betis Sevilla a Real Sociedad ginn 0:0 auserneen.
A Levante ka sech doheem iwwerraschend 2:1 géint Barcelona duerchsetzen. An der Paus war Levante 2:0 vir, ma an der 85. Minutt konnt de Coutinho via Eelefmeter op 1:2 verkierzen. Dobäi hat Barça iwwer 60% Ballbesëtz.
Barcelona huet awer nach d’Chancen weiderzekommen, well vun de 1/16-Finallen u gëtt an der Copa del Rey mat Aller- a Retourmatch gespillt.
Schonn e Mëttwoch waren 3 Partien, do hunn ë.a. Atletico a Real gespillt.