
Kee gudde Start an d’Saison huet Sparta Rotterdam kannt. Zu Utrecht gouf et eng 0:4-Defaite. De Lëtzebuerger Mica Pinto stoung an der Startformatioun a gouf an der 86. Minutt ausgewiesselt. De Laurent Jans koum trotz ugerassener Rëpp an der 76. Minutt op den Terrain.
An der Bundesliga war et een erfollegräichen Dag fir de Leandro Barreiro. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet mat Mainz 1:0 géint den Titelfavorit Leipzig gewonnen. De jonke Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
Fir den Eric Veiga war den 2. Spilldag an der 2. Liga a Portugal eng Enttäuschung. De Lëtzebuerger, dee vun Ufank un um Terrain stoung, huet mat sengem Veräin Vilafranquense mat 0:4 bei Nacional Funchal verluer. D’Gäscht hu sech mat zwou roude Kaarte selwer geschwächt.
Beim 1:1 vun Austria Wien géint Klagenfurt stoung de blesséierte Marvin Martins net am Kader vun den Haushären. Fir Wien ass et um 4. Spilldag deen 2. Remis. Mat 2 Punkte steet een op der virleschter Plaz an der Tabell.
Den Enes Mahmutovic konnt sech mat senge Matspiller vu PFK Lviv iwwert ee Punkt freeën. Géint Oleksandriya huet een 1:1 gespillt. Fir Lviv ass et deen 2. Punkt um 4. Spilldag. De Mahmutovic huet 90 Minutte gespillt.
An der MLS an den USA huet New York City mam Maxime Channot 2:0 géint Inter Miami gewonnen. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
Am norwegesche Championnat huet Brann Bergen mat 3:2 géint Sandefjord Fotball gewonnen. De Lars Gerson huet wéinst enger Blessur net gespillt.
Am ukrainesche Championnat gouf et een 1:1-Remis tëscht Veres-Rivne a Worskla Poltawa. De Lëtzebuerger Nationalspiller Oli Thill huet an der 49. Minutt per Eelefmeter fir Poltawa getraff.
An der 3. Liga an Däitschland huet den FC Saarbrécken mam Maurice Deville um 3. Spilldag déi zweet Victoire an dëser Saison gefeiert. Mat 2:0 huet ee sech géint Duisburg duerchgesat. De Maurice Deville gouf eréischt an der Nospillzäit agewiesselt.
An der 2. Liga an England gouf et fir Huddersfield Town mam Danel Sinani een 1:1-Remis bei Derby County. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der Nospillzäit agewiesselt.
An der Belsch huet den Opsteiger Royale Union St. Gilloise mam Anthony Moris an Iwwerzuel mat 2:0 géint KV Kortrijk gewonnen. D’Goler hunn de Vanzeir (9') an de Lynen (53') geschoss. De Moris stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoen. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalgolkipp huet virleefeg d’Féierung an der Tabell iwwerholl. Klickt hei, fir op d’Resultater vum belsche Championnat ze kommen.
D’Young Boys Bern mam Christopher Martins hu sech souverän den Ticket fir déi nächst Ronn an der schwäizer Coupe geséchert. An den 1/32-Finalle huet een zu Littau mat 4:1 gewonnen. De Lëtzebuerger huet net gespillt. Hie gouf geschount en vue vum Play-off-Match an der Champions League.
An der 2. Bundesliga huet Erzgebirge Aue auswäerts misse géint Schalke untrieden. Duerch den 1:1 vum Härtel an der 86. Minutt konnt Aue sech ee Punkt géint den Ofsteiger sécheren. Fir Aue war et den drëtte Remis am drëtte Match an dëser Saison. Bei de Gäscht stoung den Dirk Carlson déi 90 Minutten iwwer um Terrain. De Golkipper Tim Kips stoung net am Kader vun Aue.
Nëmmen zwee Deeg nodeems de Wiessel vum Nationalspiller Seid Korac vun Nürnberg an Dänemark public gouf, stoung de Lëtzebuerger bei Esbjerg an der 2. Liga schonn um Terrain. Um 4. Spilldag huet ee géint Horsens 0:0 gläich gespillt. Fir Esbjerg gouf et bis elo nach keng Victoire an dëser Saison.