
FSV Mainz 05 - RB Leizpig 1:0
1:0 Niakhaté (13')
Fir déi ambitionéiert Leipziger gouf et direkt eng Néierlag am Ufank vun der Saison. Iwwerraschend huet de Vizechampion vun zejoer mat 0:1 géint Mainz verluer. No de Corona-Fäll an der Quarantän vun net manner wéi 14 Mainzer an der Woch huet den FSV staark ersatzgeschwächt missen untrieden. Mat vill Leidenschaft an engem grousse Kampf konnt d’Ekipp vum Bo Svensson dëst awer ausgläichen. Déi Mainzer sinn dann och verdéngt schonn an der 13. Minutt duerch den Niakhaté a Féierung gaangen. Dëse Gol sollt um Enn dann och duergoen, well Leipzig schwaach an ouni gutt Iddie gespillt huet an déi puer Chancen, déi een hat, net verwandele konnt.
De Lëtzebuerger Leandro Barreiro stoung bei Mainz déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
1. FC Köln - Hertha BSC Berlin 3:1
0:1 Jovetic (6'), 1:1 Modeste (41'), 2:1 Kainz (52'), 3:1 Kainz (55')
Um Enn vum 1. Spilldag konnt sech Köln, déi d’lescht Saison den Ofstig ganz knapp verhënnere konnten, mat 3:1 géint d’Hertha vu Berlin duerchsetzen. D’Berliner waren eigentlech perfekt an de Match gestart. Schonn no 6 Minutten hat de Jovetic d’Ekipp aus der Haaptstad a Féierung bruecht. Ma an der Schlussphas vun der éischter Hallschent huet den FC nach eng Kéier richteg opgedréint an duerch de Modeste den 1:1 markéiert. No der Paus huet de Kainz direkt zweemol zougeschloen an déi Kölner virun den eegene Fans mat 3:1 a Féierung bruecht. D’Hertha war tëschenduerch komplett verluer, huet sech dunn zwar nees gefaangen, ma konnt net méi zeréckkommen. De Baumgart ass domadder den éischter Kölner Trainer zanter gutt 10 Joer, dee säin éischte Ligamatch gewënnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham Hotspur - Manchester City 1:0
1:0 Son Heung-Min (55')
Tottenham huet bei der Première vum Trainer Nuno Esprito Santo de Champion Manchester City mat 1:0 geklappt. De Gol vum Dag huet Son Heung-Min geschoss.
An den éischte Minutte war ManCity déi dominant Ekipp. Direkt dräi ganz geféierlech Chancë gouf et, dat duerch de Gündogan (6'), de Fernandinho (5') an de Cancelo (6'). Och den neie Spiller Grealish huet sech gewisen a war ee vun de Fixpunkten. No knapp 20 Minutten hate sech d’Spurs awer gefaangen, sou datt et vun do un een ausgeglachene Match war. Béid Ekippen hätte virun der Paus kéinten a Féierung goen, ma de Ball wollt net iwwert d’Linn goen.
No der Paus war et weider ausgeglach. An der 55. Minutt huet dunn d’Tottenham eng Chance genotzt an de Son Heung-Min huet den 1:0 markéiert. D’Féierung huet Tottenham Selbstvertraue ginn, wärend City deels verzweiwelt Attack ëm Attack gespillt huet - ouni géint eng staark Defense duerchzekommen. Um Enn ass et beim 1:0 fir Tottenham bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Nantes - FC Metz 2:0
1:0 Kolo Muani (12'), 2:0 Blas (49')
Fir Metz bleift et bei engem Punkt an dëser Saison. Um 2. Spilldag huet ee sech misse mat 0:2 zu Nantes geschloe ginn.
Liest de Resumé vum Match bei de Kolleege vun RTL 5minutes.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Celta Vigo - Atlético Madrid 1:2
0:1 Correa (23'), 1:1 Aspas (59'), 1:2 Correa (64')
Atlético ass mat enger knapper awer verdéngter 2:1-Victoire an d’Saison gestart. A relativ iwwerschaubaren 90 Minutten huet de Correa den Ënnerscheed gemaach.
Turbulent war d’Nospillzäit, déi 10 Minutte gedauert huet. Fir d’éischt hat de Carrasco am Eent-géint-Eent déi decisiv Decisioun (90+5') verginn, du koum et zu Streidereien, bei deenen den Hugo Mallo an den Hermoso vum Terrain geflu sinn. Um Enn ass et bei der knapper Victoire vum Champion bliwwen.
FC Barcelona - Real Sociedad 4:2
1:0 Piqué (19'), 2:0 Braithwaite (45+2'), 3:0 Braithwaite (59'), 3:1 Lobete (82'), 3:2 Oyarzabal (85'), 4:2 Sergi Roberto (90+1)
Den FC Barcelona huet säin éischte Match nom Depart vum Lionel Messi gewonnen. Mat 4:2 huet ee sech géint Real Sociedad behaapt. Barca hat et zum Schluss nach eng Kéier spannend gemaach. No der 59. Minutt louch een nämlech mat 3:0 a Féierung an et huet duerno ausgesinn, wéi wann de Match decidéiert wär. Ma d’Gäscht konnten op 2:3 verkierzen. De Sergi Roberto konnt dunn awer mam 4:2 an der Nospillzäit déi dräi Punkte sécheren. De Mann vum Match war de Braithwaite. Hien huet direkt zwee Goler geschoss an de leschte Gol preparéiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga