VolleyballBartreng steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
De Volley Bartreng séchert sech de leschten Ticket fir d'Finall a trëfft do op den amtéierende Meeschter Stroossen.

Hären

Bartreng setzt sech mat 3:1 (25:21, 23:25, 25:23, 25:23) géint Luerenzweiler duerch a steet domat an der Finall vum Volleyball-Championnat. An enger ganz serréierter Partie hat Bartreng den éischte Saz gewonnen, éier Luerenzweiler sech zeréckgekämpft huet. Och den drëtten an de véierte Saz ware bis zum Schluss spannend, mat deem besseren Enn fir Bartreng. Den drëtte Match am Best-of-Three-Modus war néideg ginn, well Luerenzweiler den éischte Match gewonnen hat, éier Bartreng sech duerch eng 3:2-Victoire am zweete Match en Entscheedungsmatch erkämpft hat.

Bartreng steet an der Finall
Am decisiven drëtte Match huet sech Bartreng mat 3:1 géint Luerenzweiler duerchgesat.

Am Playdown huet sech Fenteng mat 3:2 (23:25, 25:21, 25:23, 16:25, 15:13) zu Iechternach behaapt an de Belair huet mat 3:1 (26:28, 25:15, 25:15, 25:19) géint Esch gewonnen.

Dammen

Am Playdown bei den Dammen huet Iechternach mat 0:3 (25:16, 26:24, 25:15) géint Dikrech de Kierze gezunn.

Back to Top
CIM LOGO