No deenen zwou Affären an der Coupe, wou Verschiddenes schif gelaf ass, probéiert een elo positiv an d’Zukunft ze kucken. Genau dofir hat d’FLBB och e Sonndeg de Moien op eng Assemblée Générale Extraordinaire an d’Coque agelueden.
Och wann d’Schëff vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun an deene leschte Méint a méi onrouege Gewässer geseegelt ass, ginn et awer och positiv Punkten. Et gëtt ee weidere Wuesstem u Lizenzen, ronn 7.700 Stéck am Ganzen, wat 1.000 Lizenze méi sinn ewéi d’lescht Joer. De Rising-Star-Camp war zweemol ausgebucht, d’Struktur am Sport-Lycée gouf weider ausgebaut an och ee Jugendtraining mat Bayern München wäert organiséiert ginn. Donieft goufen zwee Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen am Jugendberäich agebiergert a wäerten d’Nationalekipp verstäerken.
Zwee gréisser Theme goufen e Sonndeg zesumme mat de Clibb an der Coque diskutéiert. Engersäits de Splitting vun de Statuten an de Reglementer an eeben och een neie Spillmodus am U10- an U12-Jugendberäich.
Wann ee bis elo Ännerungen an de Statuten a Reglementer wollt maachen, huet een eng Versammlung mat all de Clibb missen aberuffen, fir driwwer ze diskutéieren an ofzestëmmen. D’Propos vun der FLBB wier et, datt de Pouvoir vun de Reglementer éischter bei der Federatioun géing leien.
Dat géing heeschen, datt de Conseil d’Administratioun doduerch verschidde Changementer an de Reglementer kéint virhuelen, ouni eng Assemblée Générale mussen anzeberuffen. D’Statute wäerten an Zukunft ëmgeännert ginn, allerdéngs an Zesummenaarbecht an dem Vott vun all de Lëtzebuerger Veräiner. Fir dës Propos ëmsetzen, ass fir de Juni eng weider Assemblée Générale geplangt, fir déi eenzel Detailer duerch ze goen.
Och bei deene jéngste Basket-Fervente wäert et eng Ännerung ginn. Bei den U10 an U12 wäert an Zukunft an engem anere Modus gespillt ginn, fir datt d’Spiller méi Spillzäit kréien a sech doduerch besser kënnen entwéckelen. Ënnert dem Numm Mini Basket ass geplangt, datt vun der nächster Saison un d’U10 am 3 géint 3 an d’U12 am 4 géint 4 soll spillen. No all Period géifen dann all d’Spiller um Terrain getosch ginn, fir datt jidderee méiglechst vill ze spille krit.
Donieft gouf och de Spillkalenner fir d’nächst Saison approuvéiert an e Groupe de travail wäert an nächster Zäit zesumme kommen, fir de Spillmodus fir d’Saison 2024/25 ze iwwerschaffen.