No laangem hin an hierBayern a Barcelona si sech eens ginn iwwer Lewandowski-Transfert

RTL Lëtzebuerg
Bayern München an den FC Barcelona si sech mëndlech eens ginn. De polneschen Nationalspiller Robert Lewandowski dierf a Spuenien wiesselen.
© AFP

E Samschdeg de Moien hate schonn eng Rei Medie gemellt, datt sech déi zwee Veräiner no laangem hin an hier op d’Modalitéiten an de Präis vum Transfert gëeenegt hätten.

Ech Samschdeg am Nomëtteg huet den däitsche Rekordchampion dunn ee Statement iwwert déi sozial Medien publizéiert a bestätegt, datt een eng mëndlech Zouso vu Barcelona kritt hätt.

E Samschdeg den Owend huet sech och den FC Barcelona geäussert.

Wéi d’Bildzeitung schreift, soll Barcelona de Bayern 45 Milliounen Euro bezuelen. De Stiermer géif e Kontrakt bis 2026 ënnerschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO