
D’Münchener hu sech wuel fir déi nächst Bundesliga-Saison mam Matthjis de Ligt an der Defense verstäerkt. Den Transfert vum 22 Joer jonken Hollänner vun der aler Damm bei d’Münchener Bayern solle béid Veräiner iwwerdeems schonn e Sonndeg den Owend decidéiert hunn.
Den designéierten Ofwier-Chef soll e Kontrakt bis 2027 ënnerschreiwen. D’Münchener sollen iwwerdeems fir den de Ligt eng fest Zomm vu 70 Milliounen Euro iwwerweisen, zu där allerdéngs nach bis zu 10 Milliounen Euro Bonusse komme kënnen. Den de Ligt ass domat deen zweetdeiersten Transfert an der Bayern-Geschicht. Just de Lucas Hernandez, deen d’Münchener am Joer 2019 fir ronn 80 Millioune kaaft hunn, ass d’Bayern méi deier ginn, wéi den de Ligt. De jonken Hollänner wäert en Dënschdeg an d’Bayern-Trainingslager noreesen, an an den USA fir d’éischte Kéier mat sengen neie Matspiller trainéieren.
Nieft dem Sadio Mané (FC Liverpool), dem Ryan Gravenberch (Ajax Amsterdam) an dem Noussair Mazaroui (Ajax Amsterdam) ass den de Ligt de véierte Star, deen den Hasan Salihamidzic dëst Joer op München gelackelt kritt. Mä nach sinn d’Kaderplanunge bei de Bayern net eriwwer. Scheinbar ass de FC Bayern scho mat zwee neie Veräiner am Gaang, fir Spillertransferten ze verhandelen. Nieft dem Konrad Laimer vu RB Leipzig sollen d’Münchener och um Mathys Tel vu Stade Rennes interesséiert sinn. De 17 Joer ale Fransous soll de Münchener wuel 25 Millioune wäert sinn. Nach kënne Spiller bis den 1. September transferéiert ginn.