BundesligaBayern München a Bayer Leverkusen trenne sech 1:1

RTL Lëtzebuerg
Donieft wënnt Frankfurt däitlech bei Hertha Berlin, wärend RB Leipzig a Freiburg gläichspillen.
© AFP

Och an den aneren europäeschen Top-Ligen gouf um Samschdeg gespillt. Déi wichtegst Resultater fannt Dir hei.

Am Spëtzematch tëscht Bayern München a Bayer Leverkusen gouf et een 1:1-Remis. Schonn an der 18. Minutt konnt de Süle no engem Corner seng Faarwen a Féierung bréngen. Mat sengem éischte Gol an dëser Liga-Saison konnt hien doduerch déi dominant Ufanksphas vu senger Ekipp belounen. An der 36. Minutt hunn déi Leverkusener dunn no engem Fräistouss konnten ausgläichen, dat no engem ongléckleche Selbstgol vum Thomas Müller. Mat dësem Gol ass och d’Souveränitéit vu Bayern München verschwonnen an d’Gäscht sinn e puer Mol geféierlech virun de Gol komm, och wann d’Lokalekipp nach ëmmer d’Spill gemaach huet. An der zweeter Hallschent ass d’Ekipp vum Julian Nagelsmann dunn nees besser ginn, ma um Enn geet d’Partie trotzdeem mat engem 1:1 op en Enn.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et e Samschdeg vu Freiburg, déi sech no enger staarker Leeschtung bei RB Leipzig mat 1:1 trennen. Virun allem an der Defensiv huet d’Ekipp vum Christian Streich ganz disziplinéiert agéiert an de Leipziger sou d’Liewe schwéier gemaach. An der Offensiv hunn d’Freiburger déi éischt Occasioun genotzt an a Persoun vum Demirovic an der 38. Minutt den 0:1 markéiert. An der Schlussphas huet d’Lokalekipp awer nach op den Ausgläich gedréckt a konnt dunn duerch den Angeliño nach ee Punkt retten.

Fir Hertha Berlin gouf et doheem géint Frankfurt eng weider Néierlag. Mat 1:4 huet ee sech misse géint d’Ekipp vum Oliver Glasner geschloe ginn a fält domat ëmmer méi déif an de Keller vun der Tabell. Nodeems de Knauff no 17 Minutten zum 0:1 getraff huet, konnten den Tuta an de Lindstrøm no der Paus op 0:3 erhéijen. An der 61. Minutt konnt de Selke nach op 1:3 verkierzen, ma zwou Minutten duerno huet de Borré op 1:4 gesat, woumat d’Partie entscheet war.

Wolfsburg klappt iwwerdeems Union Berlin mat 1:0, wärend sech Bochum mat 2:1 géint Greuter Fürth duerchsetzt.

Am leschte Match huet dunn nach Stuttgart eng 3:2-Victoire géint Borussia Mönchengladbach konnte feieren. Et war déi éischt fir de VfB zanter 9 Matcher. An der 14. Minutt huet de Pléa fir d’Gäscht den éischte Gol markéiert, ronn 20 Minutten drop huet den Thuram den 0:2 geschoss. Stuttgart huet sech awer net opginn an nach virun der Paus duerch den Endo op 1:2 verkierzt. Kuerz nom Säitewiessel huet dunn de Führich zum Ausgläich getraff, wouropshin d’Lokalekipp der Féierung elo méi no war. Kuerz viru Schluss ass déi dann duerch de Kalajdzic och gefall, wat Gladbach méi déif an d’Kris stéisst an dem VfB nees Hoffnung op de Klassenerhalt gëtt.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO