
An der däitscher Bundesliga hu sech ënner anerem Bayern München a Bayer Leverkusen 1:1 getrennt.
Leicester City - Leeds United 1:0
1:0 Barnes (67’)
Burnley - Chelsea 0:4
0:1 James (47’), 0:2 Havertz (53’), 0:3 Havertz (55’), 0:4 Pulisic (69’)
Wärend d’Gäscht sech an der éischter Hallschent nach schwéier gedoen hunn, gutt Méiglechkeeten erauszespillen, huet sech no der Paus dunn d’Qualitéit vun de “Blues” duerchgesat. Mat dëser Victoire vergréissert dem Thomas Tuchel seng Ekipp de Virsprong op déi 4. Plaz, wärend Burnley weider den 18. an der Tabell bleift.
Liverpool - West Ham United 1:0
1:0 Mané (27’)
An engem ausgeglachene Spëtzematch ass Liverpool no enger knapper hallwer Stonn duerch de Mané a Féierung gaangen. D’Visiteuren aus der Haaptstad hu sech awer net verstoppt, sou dass et vun den Occasiounen hir eng attraktiv Partie op Aenhéicht war. Duerch dëse Succès bleift d’Ekipp vum Jürgen Klopp um Leader Manchester City drun, deen elo e Sonndeg am Derby géint Manchester United ënner Drock steet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - Atalanta 1:0
1:0 Abraham (32’)
Ee spannende Match gëtt duerch dem Abraham säi Gol no enger gudder hallwer Stonn entscheet, och wa béid Ekippen duerchaus Geleeënheeten haten. Domat réckt Roum op 3 Punkten un Atalanta erun, déi awer och nach ee Match nozespillen hunn.
Cagliari - Lazio 0:3
0:1 Immobile (19’, Eelefmeter), 0:2 Alberto (42’), 0:3 Anderson (62’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
RC Lens - Stade Brest 0:1
0:1 Honorat (59’)
Nice - Paris Saint-Germain 1:0
1:0 Delort (88’)
De Star-Ensemble vu Paris Saint-Germain weist eng schwaach Leeschtung zu Nice a léisst déi dräi Punkte leien. Ouni Kylian Mbappé huet et bei deene Paräisser oft u Kreativitéit a Schnellegkeet gefeelt, fir a geféirlech Ofschlosspositiounen ze kommen. Kuerz viru Schluss ass Nice a Persoun vum Delort dunn nach de Lucky Punch gelongen, deen och alles anescht wéi onverdéngt war.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Osasuna - Villarreal 1:0
1:0 Avila (63’)
Real Madrid - Real Sociedad 4:1
0:1 Oyarzabal (10’, Eelefmeter), 1:1 Camavinga (40’), 2:1 Modric (43’), 3:1 Benzema (76’, Eelefmeter), 4:1 Asensio (79’)
D’Gäscht ware fréi duerch een Eelefmeter a Féierung gaangen, ma d’Madrilenen hu sech dovunner net beandrocke gelooss an hunn de Match nach virun der Paus gedréint. Och an Duerchgang zwee hunn d’Spiller vum Carlo Ancelotti näischt ubrenne gelooss an hate mat enger harmloser Offensiv vu Real Sociedad keng grouss Problemer. Duerch dës Victoire zéien d’"Blancos” un der Tabellespëtzt dovun, wärend d’Gäscht den Uschloss no uewen net aus den Aen däerfe verléieren.