Internationale FuttballBayern München deklasséiert Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems verléiert an der Ligue 1 Metz kloer mat 0:3 géint Rennes. An England gouf et eng Victoire vu WestHam géint Everton a Tottenham klappt Newcastle.
© AFP

Bundesliga

Bayer Leverkusen - Bayern München 1:5
0:1 Lewandowski (4'), 0:2 Lewandowski (30'), 0:3 Müller (34'), 0:4 Gnabry (35'), 0:5 Gnabry (38')
38'), 1:5 Schick (55')

Eng fulminant éischten Hallschent vum aktuellen däitsche Champion. Bei Bayern München ass vun Ufank un alles gelongen, iwwerdeems bei der Lokalekipp, ëmmerhi virum Match punktgläich mat Bayern an der Tabell, iwwerhaapt näischt gepasst huet. An der Paus stoung et deemno aus Leverkusener Siicht 0:5. Leverkusen ass a Persoun vum Schick wuel nach e Gol gelongen, déi 3 Punkte sollten awer op München goen

FC Augsburg - Arminia Bielefeld 1:1
1:0 Oxford (19'), 1:1 Laursen (77')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Everton - West Ham United 0:1
0:1 Ogbonna (74')

WestHam kann no der 1:0-Victoire géint Everton an der Tabell laanscht Everton zéien a béid Ekippe stinn elo bei 14. Punkten. De goldege Gol huet den Ogbonna an der 74. Minutt geschoss.

Newcastle United - Tottenham Hotspur 2:3
1:0 Wilson (2'), 1:1 Ndombele (17'), 1:2 Kane (22'), 1:3, Son (45+3'), 2:3 Dier (Selbstgol, 89')

Tottenham ass trotz engem fréie Réckstand an engem Selbstgol kuerz viru Schluss als Gewënner vum Terrain gaangen. Alles an allem haten d’Spurs méi Spillundeeler an och déi gréisser Chancen. De Match huet misse wéinst engem Malaise vun engem Supporter an de Tribünen ënnerbrach ginn. D‘Doktere vun deenen zwee Veräiner hunn de Supporter stabiliséiert kritt, deen doropshin an d‘Spidol bruecht ginn ass. Tottengam klappt um Enn Newcastle mat 3:2. Newcastle bleift weider am Tabellekeller vun der Premier League stiechen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

SSC Neapel - FC Turin 1:0
1:0 Osimhen (81')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AC Troyes - OGC Nice 1:0
1:0 Mama Baldé (4')

Ouni de Gerson Rodrigues, dee wéinst enger Giel-Speer gespaart war, huet de Balde an der 4. Minutt den entscheedende Gol markéiert. Grousse Réckschlag fir Nice, iwwerdeems et fir Troyes 3 immens wichteg Punkte sinn. Den Iwwerbléck vun deenen anere Lëtzebuerger Futtballer fannt dir hei.

FC Metz - Stade Rennes 0:3
0:1 Laborde (24'), 0:2 Sulemana (37'), 0:3 Terrier (45')

HSC Montpellier - RC Lens 1:0
1:0 Mavididi (47')

Lens verléiert mat 0:1 géint Montpellier a verléiert de Uschloss un de PSG. De Réckstand vum zweete vun der Ligue 1 läit elo scho bei 9 Punkten. Am Match géint Montpellier hu béid Ekippen sech op Aaenhéischt géigeniwwer gestanen. Den entscheedende Gol huet de Mavididi an der 47. Minutt markéiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - FC Sevilla 0:1
0:1 Mir (54')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO