
Den FC Barcelona schléisst de Grupp E no engem 0:3 zu München op der drëtter Plaz of. Duerch d’Victoire vu Benfica géint Kiew steet d’Ekipp vu Lissabon an den Aachtelsfinallen. Fir d’Katalanen geet et dogéint an der Europa League weider.
Am Grupp F gouf um Mëttwochowend nëmmen ee Match gespillt. Well et zu Bergamo ze vill geschneit huet, konnt d’Partie géint Villareal net ugepaff ginn. En Donneschdeg huet sech du Villarreal mat 3:2 zu Bergamo duerchgesat a sech esou och déi 2. Plaz am Grupp geséchert. Zu Manchester gouf et fir de Christopher Martins a Young Boys en 1:1, wat fir d’Berner Ekipp net fir eng Plaz an der Europa League duergeet.
Lille huet sech am Grupp G duerch eng 3:1-Victoire zu Wolfsburg déi éischt Tabelleplaz geséchert a säi Géigner domat eliminéiert. Salzburg zitt no engem 1:0 zu Sevilla als Zweeten an d’K.O.-Phas an.
Am Grupp H huet sech Chelsea d’Gruppevictoire an der Nospillzäit nach verspillt. Duerch en 3:3 géint Zenit stinn d’Blues um Enn op der 2. Plaz hannert Juventus, déi sech mat 1:0 géint Malmö duerchgesat hunn.
Bayern - Barcelona 3:0
1:0 Müller (34'), 2:0 Sané (43'), 3:0 Musiala (62')
Barcelona huet um leschte Spilldag vun der Gruppephas nach eng Kéier alles misse ginn, fir nom Wanter net an der Europa League ze stoen. Deementspriechend motivéiert sinn d’Katalanen zu München och an de Match gestart. Mat der Zäit hunn d’Haushären dann awer den Drock erhéicht a sou huet et net all ze laang gedauert, bis den éischte Gol gefall ass. De Müller war mam Kapp do fir de Ball hannert d’Linn ze drécken. No der Féierung hunn d’Bayern de Match weider kontrolléiert an am Numm vum Sané kuerz virun der Paus nach op 2:0 erhéicht.
Nom Säitewiessel ass vu Barcelona offensiv weider ze wéineg komm. Dovun huet d’Lokalekipp profitéiert a mam 3:0 ronn 30 Minutte viru Schluss de Match scho sou gutt wéi entscheet. De Musiala hat sech d’Chance net huele gelooss an no enger Flank vum Davies weider erhéicht. D’Ekipp ëm den Trainer Xavi konnt de Réckstand net méi ophuelen a sou entscheeden d’Bayern d’Partie mat engem souveränen Optrëtt fir sech. Domat schléissen d’Münchener de Grupp E mat sechs Victoiren aus sechs Matcher of.
Benfica - Dynamo Kiew 2:0
1:0 Yaremchuk (16'). 2:0 Gilberto (22')
Manchester United - Young Boys Bern 1:1
1:0 Greenwood (9'), 1:1 Rieder
Manchester United an d’Young Boys hu sech am Old Trafford mat engem 1:1 getrennt. D’Ekipp vu Bern, déi mam Christopher Martins an de Match gestart ass, konnt den 1:0 vum Greenwood zwar ausgläichen, fir eng Victoire ass et um Enn awer net duergaangen. Domat schléisst de schwäizer Champion de Grupp F op der 4. Plaz of.
Atalanta - Villareal (Verluecht)
Salzburg - FC Sevilla 1:0
1:0 Okafor (50')
Wolfsburg - Lille 1:3
0:1 Yilmaz (11'), 0:2 David (72'), 0:3 Gomes (78'), 1:3 Steffen (89')
Zenit - Chelsea 3:3
0:1 Werner (2'), 1:1 Claudinho (38'), 2:1 Azmoun (41'), 2:2 Lukaku (62'), 3:2 Werner (85'), 3:3 Ozdoev (90+4')
Juventus - Malmö 1:0
1:0 Kean (18')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.