Champions LeagueBayern zitt am Allersmatch zu Villarreal de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
D'Münchener hunn op de fréie Géigegol keng Äntwert fonnt a mussen sech um Enn mat 0:1 geschloe ginn.
© AFP

Champions League - De Resumé vum Guy Seyler

An der Champions League war e Mëttwoch den Owend d’Suite vun den Allersmatcher an de Véierelsfinallen. Nieft der 0:1-Néierlag vun de Bayern géint Villarreal konnt sech Real Madrid no dräi Goler vum Benzema mat 3:1 géint Chelsea duerchsetzen.

En Dënschdeg den Owend konnten zum Optakt vun de Véierelsfinalle Manchester City a Liverpool d’Allersmatcher fir sech entscheeden.

Villarreal - Bayern 1:0

1:0 Danjuma (8')

Den éischte Gol vum Match huet am Estadio de la Ceramica net laang op sech waarde gelooss. No engem staarken Zesummespill war et den Danjuma, dee Villarreal no aacht Minutten a Féierung bruecht an de Favorit vu München domat fréi geschockt huet.

Den 1:0 fir Villareal duerch den Danjuma
No 8 Minutten stoung et 1:0 fir d’Lokalekipp.

Déi spuenesch Lokalekipp huet sech vun Ufank un net verstoppt an de Géigner fréi gestéiert. Bayern huet net sou richteg an de Match fonnt a konnt am weidere Spillverlaf weider net säi Spill op den Terrain bréngen. Um Wee no vir hu si de Wee laanscht eng disziplinéiert Defense net fonnt. Kuerz virun der Paus louch de Ball dann eng zweete Kéier am Gol vun de Münchener, ma eng Abseitspositioun vum Coquelin huet fir d’Ekipp ëm den Trainer Julian Nagelsmann Schlëmmeres verhënnert. No 45 Minutten ass et mat enger verdéngter 1:0-Féierung fir Villarreal an d’Paus gaangen.

Och am zweeten Duerchgang hunn d’Haushäre weider Drock gemaach. An der 54. Minutt war et de Moreno, dee mat engem Schoss op de Potto knapps um 2:0 dru war an d’Bayern domat weider am Match gehalen huet. No enger gudder Stonn ass et dann zu der nächster grousser Chance fir Villarreal komm, wéi den Neuer de Ball um Mëttelkrees an de Fouss vum Géigner gespillt huet. De Gerard huet de Gol aus grousser Distanz allerdéngs knapps verfeelt. Wat de Match méi a Richtung Enn gaangen ass, hunn d’Bayern dann nach ee Mol de Wee no vir gesicht, am leschten Drëttel huet et awer weiderhin un der néideger Prezisioun gefeelt. Um Enn bleift et beim 1:0 fir d’Ekipp vu Villarreal, déi verdéngt de Match fir sech entscheet a mat engem Gol Virsprong an de Réckmatch zu München start.

Déi bescht Zeenen aus dem Match Villarreal-Bayern München
No 90 Minutte stoung et 1:0 fir d’Lokalekipp.

Chelsea - Real Madrid 1:3

0:1 Benzema (21'), 0:2 Benzema (24'), 1:2 Havertz (40'), 1:3 Benzema (46')

De Resumé vum Match Chelsea géint Real Madrid
Duerch dräi Goler vum Benzema setzt sech Real mat 3:1 zu London duerch.

No enger ausgeglachener Ufanksphas hat Real Madrid déi bescht Chance op e fréie Gol, wéi de Vinicius Junior mat sengem Schoss d’Lat getraff huet. Ronn zéng Minutte méi spéit war de Brasilianer dann eng weider Kéier involvéiert, dës Kéier awer mat enger Flank, déi zum éischte Gol vum Match gefouert huet. De Benzema konnt Real Madrid nämlech mat engem Kappball mat 1:0 a Féierung bréngen a kuerz drop da souguer op 2:0 stellen. Chelsea krut sech vun dësem Schock allerdéngs erholl a konnt sou fënnef Minutte virun der Paus am Numm vum Havertz nach op 1:2 verkierzen.

Knapps eng Minutt nom Säitewiessel gouf et fir Chelsea dann awer direkt rëm den nächste Réckschlag. De Benzema konnt vun engem Feeler vum Mendy profitéieren a sou säin drëtte Gol vum Owend markéieren. Fir de Rescht vum Match hunn déi Kinneklech ee Gang zréckgeschalt, wat de Blues nees méi Undeeler um Match ginn huet. Vum ville Ballbesëtz konnt awer net profitéiert ginn a sou wënnt Real Madrid den Allersmatch mat 3:1 zu London.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO