Nom Plan de Relance vum Ministère, dee ronn 5 Milliounen Euro kascht huet, si mëttlerweil verschidde Championnater, Veräinstraininger an virun allem de Schoulsport erëm lancéiert. Wéinst der Covid-19-Pandemie mussen awer weiderhi Manifestatiounen ofgesot ginn, ewéi zum Beispill d'BeActive Night am Märeler Park.
De Sportsministère huet awer u verschidde Projeten am Kader vun der Semaine européenne du Sport festgehalen. #BeActive@Jugendhaus ass eng Aktioun an Zesummenaarbecht mam SNJ, bei deem an 10 Strukture 40 Atelieren organiséiert ginn. Den #BeActive Clip Contest ass an 21 structures d'accueil gelaf an erauskomm, sinn interessant a flott Videoen, déi ee vun e Mëttwoch un a bis den 30. September um Facebook op der Säit @beactiveLetzebuerg ka kucken a liken goen.
De Sportminister Dan Kersch huet awer och den neie Fraizäitsportskalenner presentéiert, deen een iwwert www.beactive.lu, och elo digital fënnt. Veräiner, Federatiounen, Gemengen an ASBLe kënnen hir Manifestatioun op dëser Plattform publizéieren an de Site gëtt dann och reegelméisseg aktualiséiert.