VéierschanzentournéeBeim Optakt zu Oberstdorf gouf et eng Victoire fir den Andreas Wellinger (D)

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war zu Oberstdorf den Optakt vun der traditioneller Véierschanzentournée.

Nom 1. Duerchgang loung den Andreas Wellinger aus Däitschland un der Spëtzt mat 139,5 Meter an 161,30 Punkten. Hannendru koumen de Japanar Ryoyu Kobayashi mat 156,50 Punkten an den Éisträicher Stefan Kraft mat 155,70 Punkten.

De Wellinger konnt säi Virsprong och am zweeten Duerchgang behaapten, dat mat 3 Punkte Virsprong. Och hannendru bleift et op de Plazen 2 an 3 bei der selwechter Reiefolleg, deemno Plaz 2 fir de Kobayashi a Plaz 3 fir de Kraft.

Weider geet et mam Neijoerschsprangen op der grousser Olympiaschanz zu Garmisch-Partenkirchen. Den 2./3. Januar geet et dann an Éisträich op d’Bergiselschanze zu Innsbruck, éier den Ofschloss dann zu Bischofshofen ass, wou dann och de Gewënner vun der Véierschanzentournée gekréint gëtt.

Back to Top
CIM LOGO