
Bei den Häre gewënnt Dikrech kloer mat 3:0 (25:21, 25:19, 25:20) zu Bartreng. Et war wuel en enke Match tëscht béiden Ekippen, awer Dikrech hat an all Saz dat bessert Enn fir sech.
Am Duell tëscht zwee Zweetdivisionären huet sech Biissen mat 3:0 (25:15, 25:20, 25:19) géint Stengefort behaapt.
Am leschte Match vun der Damme-Coupe hat Bartreng et méi schwéier mat Luerenzweiler, gewënnt um Enn awer däitlech 3:0 (25:16, 25:22, 26:24) no Sätz. Luerenzweiler, de Veräin aus der Divisioun 1, huet am zweeten an drëtte Saz alles ginn, mee um Enn sollt et net duergoen.