
No der Victoire vu Leipzig géint Köln um Freideg Owend war et um Samschdeg an der däitscher Bundesliga d’Suite vum 22. Spilldag.
Zu Bochum hunn d’Spectateure wuel zwee mol missen op d’Pauseresultat kucken. An der Hallschent louch Bochum doheem mat 4:1 géint Bayern München a Féierung. De Rekordmeeschter ass duerch de Lewandowski wuel a Féierung gaangen, krut an der 14. Minutt awer den Ausgläich geschoss. Tëscht der 38. an der 44. Minutt huet Bochum dunn ënnert anerem duerch zwee Dramgoler vum Gamboa an Holtmann ganzer 3 Goler markéiert an ass mat 4:1 an d’Paus gaangen. Bayern huet wuel nach den 2:4 geschoss, sollt de Match awer net méi gedréint kréien. Bochum gewënnt no enger gudder a virun allem kämpferescher Leeschtung verdéngt mat 4:2.
No der Victoire géint de BVB leschte Woch bestätegt Bayer seng gutt Form a ka de VFB Stuttgart no engem ënnerhalsame Match mat 4:2 klappen. Stuttgart ass wuel zwee mol nees erukomm, sollt um Enn awer géint eng staark opspillend Ekipp vu Leverkusen de Kierzeren zéien. Leverkusen befestegt domat seng 3. Plaz an der Tabell.
Borussia Mönchengladbach huet dogéint eng immens wichteg Victoire agefuer. Géint de FC Augsburg ginn d’Fohlen duerch Goler vum Koné, Hofmann a Bensebaini mat 3:2 als Gewënner vum Terrain a verschafe sech am Tabellekeller duerch dësen Dräier e bësse Loft.
An och de VFL Wolfsburg schéngt nom Transfert vum Max Kruse nees am Opwand ze sinn. No Goler vum Kruse a Lukebakio gewënnt de VFL Wolfsburg mat 2:0 zu Frankfurt.
Ganz déif hannendra steet no der 1:2-Néierlag zu Fürth iwwerdeems elo d‘Hertha vu Berlin. Greuther Fürth louch no knapps 40 Sekonne scho mat 1:0 a Féierung. Fürth steet trotz der Victoire weider op der leschter Plaz an der Tabell.
Kee Gewënner gëtt et tëscht Freiburg a Mainz. Beim 1:1 ass de Leandro Barreiro op Mainzer Säiten an der 79. Minutte fir den Kohr agewiesselt ginn.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.