
RB Leipzig - 1. FC Köln 3:1
1:0 Nkunku (25.’), 2:0 Dani Olmo (54.’), 3:0 Angelino (57.’), 3:1 Lemperle (90.+1.’)
Köln ass am Moment eng vun den Iwwerraschungsekippen an dëser Saison a steet no 21 Spilldeeg mat 32 Punkten op der 7. Plaz. An den éischte 45 Minutten war Leipzig awer déi besser Ekipp a louch an der Paus verdéngt mat 1:0 a Féierung. An der 25. Minutt war et den Nkunku, deen de Ball schéi per Fräistouss am Gol ënnerbruecht huet. Och no der Paus war Leipzig besser an huet mat 2 Goler an 3 Minutte fir d’Virentscheedung gesuergt. An der allerleschter Minutt huet de jonke Lemperle nach fir den 1:3 fir Köln gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Paris Saint-Germain - Rennes 1:0
1:0 Mbappé (90.+3.’)
Laang huet Rennes gutt géint de PSG matgehalen an et huet no engem 0:0 ausgesinn, mee an der Nospillzäit hu se dem Messi an dem Mbappé eemol ze vill Plaz gelooss an dat huet de PSG direkt ausgenotzt. Domadder geet Paräis den nächste Schratt a Richtung Meeschterschaft.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Sevilla - Elche 2:0
1:0 Gomez (70.’), 2:0 Rafa Mir (75.’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
FC Porto - Sporting Lissabon 2:2
0:1 Paulinho (8.’), 0:2 Nuno Santos (34.’), 1:2 Fabio Vieira (38.’), 2:2 Mehdi Taremi (78.’)
E richteg spannende Match gouf et fir d’Spectateure beim Toppmatch tëscht dem 1. vu Porto an dem 2. vu Sporting Lissabon ze gesinn. Nodeems Sporting no 34 Minutte mat 2:0 a Féierung louch, konnt de Fabio Vieira an der 38. Minutt op 1:2 verkierzen. Kuerz no der Paus huet de Coates vu Sporting dann awer déi giel-rout Kaart gesinn an dono huet just nach Porto op de Gol gedréckt. An der 78. Minutt ass hinnen dann och den Ausgläich gelongen. Ganz zum Schluss sinn d’Emotiounen nach eemol héichgekacht an direkt e puer Spiller a Betreier vun den zwou Ekippen hunn nom Match déi rout Kaart gesinn.