NBA-FinalsBoston wënnt och den drëtte Match géint Dallas

RTL Lëtzebuerg
An der "Best-of-Seven-Serie" ëm de Championstitel an der amerikanescher Basketball-Liga feelt de Celtics nëmmen nach eng Victoire.
© STACY REVERE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

D’Ekipp vu Boston konnt sech an der Nuecht op en Donneschdeg mat 106:99 auswäerts zu Dallas duerchsetzen.

Déi wichtegst Spiller op der Säit vu Boston waren dem Jayson Tatum mat 31 Punkten an den Jaylen Brown mat 30 Punkten. Op der Säit vun de Mavericks war de Kyrie Irving mat 35 Punkten de beschte Scorer. De Luka Doncic huet 27 Punkte markéiert. Hie gouf e puer Minutte virum Enn vum Match mat sengem sechste Foul vum Terrain gestallt.

Den nächste Match an der Serie ass an der Nuecht op e Samschdeg. Wann d’Celtics dëse wanne géifen, wiere se mat 18 Titelen eleng Rekordchampion an der NBA. Aktuell hunn esouwuel d’Celtics ewéi och d’Lakers jeeweils 17 Titelen.

Back to Top
CIM LOGO