Arees mat gefälschtem PassBrasilianesche Ex-Futtballspiller Ronaldinho gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
De fréiere brasilianesche Futtballspiller gouf am Paraguay festgeholl a sëtzt do an Untersuchungshaft.
© afp

Hannergrond ass eng Arees an d'Land mat engem gefälschte Pass. Och de Brudder vum 39 Joer ale Brasilianer gouf verhaft. Déi zwee Männer wieren e Freideg an hirem Hotel festgeholl ginn. Kuerz virdrunner koum et schonn zu engem Interrogatoire. Well d'Männer bedru gi wieren an am "gudde Glawen" agéiert hätten, wéi si hir Päss a Brasilien kruten, kéint ee se net festhalen, huet den Procureur gemengt. Doropshi waren de Ronaldinho a säi Brudder nees op fräie Fouss koum. Duerno koum et zu enger zweeter Verhaftung.

Béid Männer kruten virun annerhallwen Joer hir Päss a Brasilien ewechgeholl, well si eng Strof an Héicht vun 2,2 Milliounen Euro net bezuelt haten. Déi Sanktioun war gesprach ginn, well si wärend Bauaarbechte fir massiv Ëmweltschied responsabel waren.

Back to Top
CIM LOGO