
Bayern München - Greuther Fürth 4:1
0:1 Hrgota (43.), 1:1 Lewandowski (46.), 2:1 Griesbeck (61., Eegegol), 3:1 Lewandowski (82.), 4:1 Choupo-Mouting (90.+1)
Bayern München huet sech an der éischter Hallschent schwéier gedoen a konnt eréischt no der Paus seng Qualitéiten ënner Beweis stellen. Fürth war kuerz virun der Paus mat 1:0 a Féierung gaang, an der zweeter Hallschent huet de Lewandowski zweemol markéiert a Bayern huet vun engem Eegegol profitéiert. Mat dëser Victoire hält München Dortmund op Distanz.
Dortmund - Mönchengladbach 6:0
1:0 Reus (26.), 2:0 Malen (32.), 3:0 Wolf (70.), 4:0 Moukoko (74.), 5:0 Reus (82.), 6:0 Can (90.+1, Eelefmeter)
Dortmund bleift un de Bayern drun a schéisst sech mat der 6:0-Victoire de Frust aus der Europa League vun der Séil. De BVB huet de Match vun Ufank un dominéiert a scho virun der Paus war et kloer, dass d’Punkten am Ruhrpott bleiwe géifen. An der zweeter Hallschent huet Dortmund weider Drock gemaach a Gladbach carrement aus dem Stadion geschoss. Fir Gladbach war no der Victoire an der vergaangener Woch nees e Réckschlag. D’Fohlen sti just véier Punkte virun der Relegatiounsplaz.
Hertha BSC - RB Leipzig 1:6
0:1 Henrichs (20.), 1:1 Jovetic (48.), Rout Kaart Kempf (62.), 1:2 Nkunku (64., Eelefmeter), 1:3 Nkunku (67.), 1:4 Olmo (74.), 1:5 Haidara (81.), 1:6 Poulsen (88.)
Och Leipzig huet e Sonndeg fir eng däitlech Victoire gesuergt. Mat 6:1 gewënnt Leipzig géint d’Hertha vu Berlin. Esou kloer war dat awer laang Zäit net um Terrain. D’Ekipp aus der däitscher Haaptstad huet eng Stonn laang gutt matgespillt a wier esouguer bal a Féierung gaangen, ma an der 62. Minutt krut de Kempf beim Stand vun 1:1 déi rout Kaart a vun deem Ament u goung et just nach biergof. Tëscht der 64. an der 88. Minutt huet Leipzig dunn nach ganzer 5 Mol markéiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Leeds United - Manchester United 2:4
0:1 Maguire (34.), 0:2 Fernandes (45.+5), 1:2 Rodrigo (53.), 2:2 Raphinha (54.), 2:3 Fred (70.), 2:4 Elanga (89.)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - Sassuolo1:2
0:1 Raspadori (8.), 0:2 Raspadori (26.), 1:2
Mat der Néierlag géint Sassuolo verpasst Inter nees d’Féierung an der italieenescher Serie A vum Lokalrival AC Mailand ze iwwerhuelen. An der Tabell läit d’Nerazurri elo zwee Punkten hannert dem AC, mee mat engem Match manner. Drëtten ass Napoli mat dräi Punkte Réckstand op de Leader.
Inter ass fréi a Réckstand geroden an huet duerno net méi an de Match fonnt. An der Nospillzäit huet Inter e Gol markéiert, deen awer vum VAR oferkannt gouf.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Nice - Angers 1:0
1:0 Kluivert (19.)
St. Etienne - Stroossbuerg 2:2
1:0 Boudebouz (2.), 1:1 Diallo (21.), 1:2 Perrin (30.), 2:2 Khazri (34.)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Espanyol Barcelona - Sevilla 1:1
0:1 Mir (36.), 1:1 Darder (50.)
Mat dësem Gläichspill verpasst Sevilla et, nees op véier Punkten un den Tabelleleader Real Madrid erunzekommen. Et war dat véiert Gläichspill vu Sevilla an de leschte fënnef Partien.
Valencia - Barcelona 1:4
0:1 Aubameyang (23.), 0:2 de Jong (32.), 0:3 Aubameyang (38.), 1:3 Soler (53.), 1:4 Pedri (63.)