
An der 2. Bundesliga war um Sonndeg den Dirk Carlson mat senger Ekipp Erzgebirge Aue géint Fortuna Düsseldorf am Asaz. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a krut eng giel Kaart gewisen. Nodeems Düsseldorf mat 2:0 a Féierung loung, konnt Aue den 1:2 markéieren, mee an der Nospillzäit huet d’Fortuna dann de Match kloer gemaach.
Nom Punktgewënn vun Ingolstadt um Samschdeg géint Bremen, läit Aue elo mat just 15 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell an huet schonn 10 Punkte Retard op d’Relegatiounsplaz 16.
An England huet Huddersfield mam Danel Sinani 2:1 beim Tabelleleader Fulham gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 75. Minutt beim Stand vun 2:0 agewiesselt.
E wichtege Punkt an der Lutte géint den Ofstig gouf et an der 2. Bundesliga fir Sandhausen doheem géint den Hamburger SV. Beim 1:1-Remis ass de Maurice Deville an der 62. Minutt agewiesselt ginn a krut kuerz drop déi giel Kaart gewisen.
Austria Wien huet mam Marvin Martins en 2:0-Succès géint den TSV Hartberg gefeiert. Den Ofwierspiller huet beim wichtegen Erfolleg am Kampf ëm déi international Plazen 90 Minutten duerchgespillt.
Den Anthony Moris huet mat Royale Union St.-Gilloise eng souverän 3:0-Victoire beim RSC Charleroi gefeiert. Am belsche Championnat läit d’Ekipp vum Nationalgolkipp weiderhin op der éischter Tabelleplaz.
An der 2. Liga an Dänemark stounge bei Jammerbugt mam Yan Bouché, Farid Ikene, Omar Natami an Diogo Pimentel véier Lëtzebuerger an der Startformatioun. An der 37. Minutt hat de Bouché seng Ekipp a Féierung bruecht. Mam Leonel Gomez ass an der 70. Minutt fir de Bouché e weidere Lëtzebuerger op den Terrain komm. Um Enn huet ee géint Fremad Amager 1:1 gläichgespillt. Gomes, Natami an Ikene hunn am Match déi giel Kaart gesinn.
Keng Goler sinn a Griichenland tëschent Ionikos an OFI Kreta, der Ekipp vum Vahid Selimovic, gefall. De Lëtzebuerger huet de ganze Match vun der Bänk aus nogekuckt.
A Portugal souz den Eric Veiga bei der 2:1-Victoire vu senger Ekipp Vilafranquense géint den Tabelleleschten Académica Coimbra de ganze Match op der Bänk.
Magdeburg huet sech an der 3. däitscher Liga mat 2:0 géint déi zweet Ekipp vun Dortmund duerchgesat. Den Eldin Dzogovic stoung net am Kader.
An der Bundesliga stoung de Mathias Olesen vum 1. FC Köln bei der 1:0-Victoire géint Frankfurt och net am Kader.
Mainz konnt sech an der Bundesliga no enger spannender Schlussphas mat 3:2 géint Leverkusen duerchsetzen. De Leandro Barreiro gouf an der Nospillzäit agewiesselt.
De Match tëscht Fortuna Sittard a Sparta Rotterdam (Laurent Jans, Mica Pinto) am hollännesche Championnat konnt wéinst dem schlechte Wieder net gespillt ginn.