Et ass offiziellChampions-League-Finall gëtt vu Sankt Petersburg op Paräis verluecht

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Ukrain-Konflikt an der russescher Attack op d'Ukrain huet d'UEFA decidéiert, fir d'Champions-League-Finall net a Russland ze spillen.
© AFP

“Ech fannen dat richteg, datt d’Final vun der Champions League vun Sankt Petersburg op Paräis verluecht ginn ass” seet de Paul Philipp, President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, iwwert d’Annonce vun der UEFA. Déi europäesch Futtball-Unioun war an de leschte Deeg am Kontext vum Russland-Ukrain-Konflikt an Zuchzwang geroden. D’Final vun der Champions League sollt dës Saison samschdes den 28. Juni zu Sankt Petersburg a Russland sinn. Duerch den aktuelle Konflikt huet d’UEFA elo decidéiert d’Lokalitéit ze wiesselen, esou datt den Héichpunkt vun der Kinneksklass am europäesche Futtball am Stade de France zu Paräis gespillt gëtt, dozou den FLF-President.

Paul Philipp: Ech fannen dat richteg. Et gëtt jo ëmmer gesot, Sport a Politik soll een trennen, dat konnt awer elo net getrennt ginn. An fir dann elo Leit eng Tribün ze ginn, déi och nach vläicht mat géifen d’Coupe iwwerreechen, war dat elo schonn déi richteg Decisioun et ze verleeën.

Kritesch Stëmmen hu fonnt, datt d’UEFA an de leschten Deeg awer nach laang gebraucht huet, fir dës Decisioun ze huelen

Paul Philipp:Ech mengen vun der Reaktioun ass et vum Timing hir an der Rei.

De Paul Philipp huet virdru vun engem vun den Haaptsponsoren vun der UEFA geschwat, deen aus Russland kënnt. Wéi den Zoufall et esou wollt, huet de Stadion zu Sankt Petersburg och Gazprom-Arena geheescht. An der europäescher Futtballwelt ass een sech scho bewosst, datt dat scho finanziell Repercussiounen fir d’Zukunft mat sech ka bréngen. Dat ass awer an dëser Situatioun definitiv net dat Wichtegst, seet de Paul Philipp:

Paul Philipp:Mir wäerten dat als Verbänn sécher och spieren, mä wann dat elo an dësem Moment net zweetrangeg ass, dann wären mir, dann wären déi Responsabel vun der UEFA op der falscher Plaz.

D’UEFA huet op hirer ausseruerdentlecher Exekutivcomitessëtzung och nach festgehalen, datt d’russesch an ukrainesch Veräins- an Nationalekippen hir europäesch Kompetitiounsmatcher op neutralem Buedem spille mussen.

LINK: De Communiqué vun der UEFA

Back to Top
CIM LOGO