LiichtathletikCharel Grethen stellt weidere Lëtzebuerger Rekord op

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Mëtteg konnt de Lëtzebuerger Liichtathlet zu Dikrech de lëtzebuergesche Rekord iwwer 2000 Meter verbesseren.
© AFP

Nodeems de Charel Grethen um Freideg schonn zu Tréier en neien nationale Rekord iwwer 3000 Meter opgestallt hat, ass dat him och elo iwwer 2000 Meter gelongen.

Zu Dikrech ass hien dës Distanz nämlech a 5 Minutten, 5 Sekonnen a 40 Honnertstel gelaf, woumat de Grethen dem Justin Gloden säi Rekord aus dem Joer 1978 ëm 2.2 Sekonne verbessert.

Back to Top
CIM LOGO