Premier LeagueChelsea just 0:0 géint Southampton, Man. United klappt Newcastle

RTL Lëtzebuerg
No 3 Partien um 1. Januar goufen der um 2. nach eemol 6 vum 21. Spilldag gespillt. En Donneschdeg ass et dann de Schock Manchester City géint Liverpool.

An esou sinn d’Mëttwochsmatcher ausgaangen:

FC Chelsea-Southampton 0:0
Huddersfield-Burnley 1:2
West Ham United-Brighton 2:2
Wolverhampton-Crystal Palace 0:2
Bouirnemouth-Watford 3:3
Newcastle-Manchester United 0:2

Domat Chelsea weider 4. a Manchester United weider 6. an der Tabell.

PREMIER LEAGUE: Resultater an Tabell.En Dënschdeg konnt sech Arsenal doheem kloer mat 4:1 géint Fulham behaapten, Tottenham goung och kloer mat 3:0 op Cardiff wannen an Everton hat sech mussen doheem Leicester mat 0:1 geschloe ginn.

Doduerch ass Tottenham uewen dru bliwwen, als Zweeten an der Tabell.

Eng Partie vum 21. Spilldag bleift ze spillen: Den Tabellenéischte Liverpool spillt en Donneschdeg den Owend um 21 Auer eiser Zäit zu Manchester géint City.

Back to Top
CIM LOGO