Champions LeagueChelsea klappt Lille, kee Gewënner tëscht Villarreal a Juventus

Kevin Kayser
Villarreal huet sech géint Juventus, déi an der 1. Minutt a Féierung goung, zeréckgekämpft. Chelsea dogéint war dominant géint Lille.
© JAVIER SORIANO / AFP

Nodeem déi leschte Woch déi éischt 4 Allersmatcher an der Champions League waren, ginn dës Woch déi nächst véier gespillt. Villarreal huet doheem Juventus empfaangen an Lille huet missten op London bei Chelsea reesen.

FC Villarreal - Juventus Turin 1:1
0:1 Vlahovic (1'), 1:1 Parejo (66')

Ganzer 31 Sekonnen huet et gedauert, bis d’Gäscht aus Turin a Féierung gaange sinn. Den Danilo huet eng Pass ofgefaangen, kuerz ugezunn an hat dunn de Bléck fir de wäite Ball op de Vlahovic. Dësen huet sech sech et net huele gelooss an de Golkipp iwwerwonnen an esou d’Féierung markéiert.

Villarreal - Juventus: 0:1 Vlahovic (1)
An der 31. Sekonn vum Match konnten d’Gäscht a Féierung goen.

Dono koum den Drock e bësse vu Villarreal, déi zwar déi eng oder aner Chance haten, ma de Ball net iwwert d’Linn kruten. No 20 Minutte du gouf et e bësse méi roueg. Eenzeg virun der Paus gouf et nach net zwéngend Golchancen.

Nom Säitewiessel hat Juventus nees no knapp enger Minutt eng gutt Chance, ma den Morata huet no der Flank vum McKennie de Ball knapp laanscht de Gol geschoss. 60 Minutte laang u sech hat Juventus dëse Match am Grëff. Ma no ronn enger Stonn hu sech ugefaangen, méi Feeler an hire Spill anzeschläichen. Esou war d’Defense an der 66. Minutt net organiséiert an si hunn den Parejo komplett aus dem Bléck verluer. Anescht wéi de Capoue, dee säi Matspiller schéin an Zeen gesat huet, an esou den 1:1 virbereede konnt.

Villarreal - Juventus: 1:1 Parejo (66')
Ganz eleng ass de Parejo virum Gol vu Juventus opgetaucht an huet sech déi Chance net huele gelooss.

Déi nächst Minutten hunn der Heemekipp gehéiert a wa Juventus mol opgefall ass, war et duerch méi onschéin Aktiounen, wéi an der 73. duerch de Rabiot, deen dofir och Giel gesinn huet. An der selwechter Aktioun krut och de Golkipp vu Villarreal giel, well hie sech ze vill beschwéiert huet iwwer eng Aktioun, déi quasi hannert dem Mëttelfeld passéiert ass. Kuerz drop huet sech de McKennie vu Juventus an engem haarden Zweekampf blesséiert, hien huet missten duerch de Zakaria ersat ginn. Eng Chance hat Juventus awer nach, fir nees a Féierung ze goen, ma de Rulli am Gol vun de Spuenier war um Posten, wéi den Vlahovic ofgehunn hat.

Esou bleift et bei engem 1:1, mat deem béid Ekippen nach definitiv eng Chance hunn, fir sech fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren.

FC Chelsea - OSC Lille 2:0
1:0 Havertz (8'), 2:0 Pulisic (63')

© JUSTIN TALLIS / AFP

Net grad esou séier, wéi zu Villarreal, ma och fréi am Match, konnt Chelsea markéieren. No engem Korner vum Ziyech ass den Havertz, dee virdru schonn 2 gutt Chance leie gelooss hat, am Héchste gesprongen, a konnt de Ball mam Kapp eramaachen. Et war déi beschte Chance an der éischter Hallschent, an där béid Ekippe probéiert hunn, ze markéieren, ma dacks war de Schoss net präzis genuch oder déi leschte Pass ass net do ukomm, wou se geduecht war.

18 Minutten nom Upëff vun der zweeter Hallschent huet Chelsea den 2:0 markéiert. De Kanté huet de Pulisic schéi fräigespillt, deen iwwer eng Konterattack de Ball ouni Problemer zum 2:0 eraschéisse konnt. Scho virdrun haten Havertz a Ziyech gutt Chancen, bei där awer d’Prezisioun gefeelt huet respektiv d’Defense op hirem Poste war. Scho wéi an der 1. Hallschent gouf et nom Gol laang keng zwéngend Zeene méi virum Gol. Esou ass et dann och bei enger Victoire, déi ni wierklech a Gefor war, fir Chelsea bliwwen.

Resumé Chelsea FC - Lille OSC
De klore Favorit an dësem Match konnt sech zum Schluss och duerchsetzen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO