
D’Steelers dogéint sti scho mat méi wéi engem Fouss an de Playoffs. Och an hirem 10 Match vun dëser Saison si si als Gewënner vum Terrain gaangen, dat kloer mat 27:3 géint d’Jaguars. Domadder bleiwe si weider eenzeg ongeschloen Ekipp an der NFL. Fir d’Jets dogéint gouf et dann och déi 10 Néierlag am 10 Spill, dat knapp mat 28:34 bei den Chargers.
Kansas City Chiefs - Las Vegas Raiders 35:31
Fir d’Chiefs gouf et dës Saison just eng Néierlag, dat grad doheem géint den Divisional Rival aus Las Vegas. Ma um Sonndeg konnt d’Ekipp aus Kansas City hir Revanche huelen. Et war den ideale Start am Match fir béid Offenses, déi all Kéiers mat hiren éischten zwee Drives en Touchdown markéiere konnten. Esou stoung et am Ufank vum zweete Véierel 14:14. Dono goufen d’Defense besser an am zweete Quarter ass de Raiders nach just ee Fieldgoal gelongen, si sinn also mat engem knappen Avantage vu 17:14 an d’Paus gaangen.
Den drëtte Véierel gouf dann definitiv vun de Verdeedegungen dominéiert an eenzeg den Chiefs ass en Touchdown gelongen, fir dann esou knapp a Féierung ze goen. Dee Virsprong huet am leschte Véierel ëmmer nees gewiesselt a mat nach enger Minutt an 53 Sekonnen hunn d’Raiders sech d’Féierung geholl mat 35:31. D’Chiefs haten also just ganz wéineg Zäit, fir eng Kéier iwwert den Terrain ze marschéieren. Ma de Patrick Mahomes huet nees seng “Mahomes-Magic” ausgepaakt an huet et an enger Minutt an 20 Sekonne gepackt, fir déi wichteg 7 Punkten ze maachen. Mat nach knapp 30 Sekonnen op der Auer sinn d’Raiders all Risiko gaangen, ma direkt déi éischt Pass vum Carr konnt vun der Verteidegung ofgefaange ginn an esou goung dës schwéier verdéngte Victoire un d’Chiefs.
Tennessee Titans - Baltimore Ravens 30:24
Et war en augeglachene Match tëscht béiden Ekippen, wou d’Ravens awer meeschtens e klenge Virsprong haten. An awer den éischten Touchdown goung un d’Titans an d’Ravens hu mat 2 Field Goaler, engem Touchdown an enger “2-Point-Conversion” geäntwert. Nach virun der Paus koum e Field Goal vun den Titans, esou datt et mat 10:14 aus hirer Siicht an d’Paus goung. Dës Avance konnten d’Ravens dunn nom Pausentéi ausbauen, op esouguer 21:10, ma dono waren d’Minutte vun den Titans ugebrach, déi an 3 Ballbesëtzer dräi Mol konnte Punkte maachen an esou 24:21 am Ufank vum leschte Véierel vir louchen. D’Ravens hu sech net opginn an 18 Sekonne viru Schluss den Justin Tucker a Positioun bruecht, dee mat engem Fieldgoal aus 29 Yards den Ausgläich markéiere konnt an esou engt Overtime erzwénge konnt. D’Ravens kruten dann an Overtime och de Ball direkt, konnten awer mat hirem Drive keng Punkte markéieren. Den Titans wier also e Fieldgoal duergaangen, fir de Match z’entscheeden. Ma dorobber wollte si sech net verloossen. Mat engem Lafspillzuch huet den Henry ganzer 29 Yards zeréckgeluecht an de Ball an d’Endzone bruecht. Domadder wannen d’Titans no Verlängerung 30:24 bei de Ravens.
Green Bay Packers - Indianapolis Colts 31:34
Ee gudde Véierels, respektiv eng gutt Hallschent sollt de Packers net duergoen, fir sech bei de Colts duerchzesetzen. De Match huet emol direkt mat zwee Fumblen ugefaangen an d’Packers konnten als éischt Punkten op d’Board bréngen. Am éischte Quarter konnten d’Colts nach äntweren, esou datt d’Säite bei 7:7 gewiesselt goufen. Dono koum d’Offense vun de Packers awer richteg un d’Rullen. En Touchdown, dunn eng Interception vun der Verteidegung an nach eng Kéier en Touchdown huet si a kuerzer Zäit, knapp 2 Minutte louch tëscht béiden Endzone-Besich, huet si mat 21:7 a Féierung bruecht. D’Colts hunn direkt dono nach op 21:14 verkierzt ma kuerz virun der Paus huet d’Ekipp
ëm de Rodgers den alen Ecart nees hiergestallt, esou datt et mat 28:14 an d’Paus goung.
Déi Paus huet der Ekipp aus Green Bay awer net gutt gedoen. D’Colts koumen aus der Kabinn an hunn um Terrain der Offense an an der Defense dominéiert. Am drëtte Quarter eleng hu si 11 Punkte gemaach an net een zougelooss. Esou stoung et, 15 Minutte viru Schluss, 28:25 fir d’Packers, ma mam wichtege Momentum op der Säit vun der Heemekipp. Am leschte Véierel konnte si souguer direkt am Ufank ausgläichen a kuerz dono 31:28 a Féierung goen, éier d’Packers déi éischt Punkte fir dës Hallschent konnte maachen, dat mat 7 Sekonnen nach op der Auer fir ze spillen. Well si just e Fieldgoal hikruten, huet de Match an Overtime misste goen. An hei kruten d’Packers direkt am Ufank de Ball, ma bei hinnen ass weider net vill zesummegelaf. Direkt mat zweete Spillzuch gouf et e Fumble, dat op der eegener 29 Yards-Linn. Mat dräi Lafspillzich si si bis op 21 Yards no vir komm a vun hei aus war et net ze komplizéiert fir de Blankenship, fir déi 3 Punkten ze maachen an esou de Match z’entscheeden.
Philadelphia Eagles - Cleveland Browns 17:22
Lues awer sécher muss ee sech mat de Gedanken ufrënnen, datt d’Browns et dëst Joer an d’Playoffs kéinte packen. Ëmmerhin hu si no dëser Victoire der elo 7 aus 10 Matcher. Am éischte Véierel hunn d’Defensen de Match dominéiert, well déi eenzeg 7 Punkten, déi gemaach goufen, huet d’Defense vun de Browns fäerdeg bruecht. Och den éischten Offense Touchdown vum Match gouf vun der Defense virbereet. D’Verteideger vun den Eagles hunn e Fumble provozéiert an esou hir Offense an eng einfach Positioun bruecht. Direkt mat der éischter Pass fir 19 Yards koum de Ball an d’Endzone. De Browns ass dunn och an der Offense eppes gelongen, dat 3 Punkte via Fieldgoal. Déi nächst Punkten dann nees duerch d’Defense vun de Browns, déi e Safety provozéiert hunn an esou hir Avance op 7:12 konnten ausbauen. Am Ufank vum leschte Véierel koumen d’Eagles duerch e Fieldgoal bäi an d’Offense vun de Browns konnt fir d’éischte Kéier an dësem Match de Ball an d’Endzone bréngen. Esou huet och den Eagles den Touchdown kuerz viru Schluss net méi vill bruecht, ausser, datt si de op 17:22 verkierze konnten.
An der AFC wieren aktuell d’Steelers an der éischter Ronn spillfräi, dat och, well si ouni Néierlag sinn. Dohannert kéimen d’Chiefs, d’Bills an d’Colts, déi d’Leader an hiren Divisioune sinn, an nach d’Titans d’Browns an d’Raiders als déi Ekippen, déi net Leader sinn awer déi beschte Bilanz hunn. Gutt Chancen hunn nach d’Ravens an d’Dolphins. All déi aner Ekippen aus der AFC hunn en negative Rekord.
An der NFC hunn d’Saints d’Nues vir, datt mat 8:2. Dohannert dann d’Leader aus den aneren Divisiounen, d’Packers, d’Seahawks an d’Eagles, iwwregens déi eenzeg Ekipp mat engem negative Rekord an de Playoffs, an dohannert nach d’Buccaneers, d’Rams an d’Cardinals. Bei engem 5:5 hunn d’Bears dann nach gutt Chancen, ma och hei hunn all déi aner Ekippen dohannert en negative Rekord. Just an der NFC East ass et liicht anescht, well hei d’Eagles zwar d’Nues vir hunn, mat 3 Victoiren, 6 Néierlagen an engem Gläichspill, ma d’Giants, d’Cowboys a Washington sinn direkt dohannert mat 3 Victoiren a 7 Néierlagen.
Arizona Cardinals - Seattle Seahawks 28:21
Tennessee Titans - Baltimore Ravens 30:24
Detroit Lions - Carolina Panthers 0:20
Philadelphia Eagles - Cleveland Browns 17:22
New England Patriots - Houston Texans 20:27
Green Bay Packers - Indianapolis Colts 31:34
Pittsburgh Steelers - Jacksonville Jaguars 27:3
Atlanta Falcons - New Orleans Saints 9:24
Cincinnati Bengals - Washington Football Team 9:20
Dallas Cowboys - Minnesota Vikings 31:28
Kansas City Chiefs - Las Vegas Raiders 35:31
Miami Dolphins - Denver Broncos 13:20
New York Jets - Los Angeles Chargers 28:34
E Méindeg den Owend mussen d’Rams nach bei de Bucs untrieden.