Lëtzebuerger Sportler am AuslandChris Zuidberg feiert Victoire, Max Funk verléiert mat TuS Mondorf

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Max Funk ka sech trotz der 1:3-Néierlag géint Warnemüde iwwert d'Auszeechnung "Most Valuable Player" freeën.
© Screenshot

An der 1. Belscher Divisioun gewannen de Chris Zuidberg a Waremme mat 3:1 (25/18, 25/19, 17/25, 25/25) géint de Volley Haasrode Leuven. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt 7 Punkten an 1 Block fir sech verbuchen.

An der 2. däitscher Bundesliga Nord huet um Sonndeg de Mëtteg de Max Funk mat TuS Mondorf géint de SV Warnemünde gespillt. De Lëtzebuerger huet mat senger Ekipp wuel 1:3 verluer, ma hie gouf als “Most Valuable Player” vu senger Ekipp ausgezeechent.

© Screenshot

Back to Top
CIM LOGO