Lëtzebuerger Futtballer am Ausland Christopher Martins gewënnt mat Young Boys Bern

RTL Lëtzebuerg
Young Boys Bern gewanne 5:0 géint Lugano.
© pressphoto / Archiv

An der zweeter portugisescher Liga hunn den Eric Veiga a Vilafranquense sech ee Punkt geséchert. Géint den Tabelleleader Benfica B huet een 0:0 gespillt. De Veiga huet de ganze Match gespillt a krut an der 10. Minutt Giel. Vilafranquense steet aktuell op der 14. Plaz an der Tabell.

Sonndeg

De Christopher Martins war e Sonndeg mat de Young Boys Bern beim FC Lugano op Besuch. No 35 Minutte loung d’Gaaschtekipp scho mat 3:0 vir, an der zweeter Hallschent koumen nach zwee Goler dobäi. De Coequipier vum Christopher Martins, de Siebatcheu huet an dësem Match véier Goler geschoss. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf no 69 Minutten ausgewiesselt.

Samschdeg

Den Danel Sinani huet beim 3:2-Succès vun Huddersfield zu Bristol säin drëtte Gol vun der Saison geschoss.

Duerch dës Victoire steet Huddersfield op der 10. Plaz an der 2. englescher Liga. Mat engem Retard vu just zwee Punkten op déi 5. Plaz, ass een awer weider an der Lutte em d’Relegatiounsplazen dobäi.

An der éischter Bundesliga huet de Leandro Barreiro mat Mainz mat 0:1 zu Frankfurt de Kierzere gezunn.

Um 18. Spilldag an der 2. Bundesliga huet Aue mam Dirk Carlson 1:3 géint Nürnberg verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de ganze Match um Terrain. An der Tabell steet Aue duerch des Néierlag erëm op enger direkter Ofstigsplaz.

An der Coupe de France huet Troyes ouni de Gerson Rodrigues mat 3:5 no Eelefmeterschéisse géint Nanzeg de Kierzere gezunn. D’Gäscht kruten an dem Match dräi rout Kaarte gewisen an hu sech um Enn trotzdeem duerchgesat.

Fir den Anthony Moris an d’Royale Union St. Gilloise leeft et weiderhi gutt. Um 20. Spilldag gouf et eng 3:2-Victoire géint Cercle Bruges, obwuel een an der Paus nach mat 0:2 hanne louch. An der Tabell steet d’Ekipp vum Lëtzebuerger souverän op der éischter Plaz.

An der Eredivisie an Holland gouf et fir Sparta Rotterdam doheem en 2:2-Remis géint Vitesse Arnheim. An der Paus war d’Ekipp vum Mica Pinto a Laurent Jans nach mat 2:0 hannen. De Pinto stoung ganze Match um Terrain, de Laurent Jans ass awer net zum Asaz komm.

Saarbrécken huet iwwerdeems doheem géint den Tabelleleschten Havelse just 2:2 gläich gespillt. De Maurice Deville gouf an der 67. Minutt agewiesselt.

An Zypern ass et fir den Tim Hall mat Achnas net besser gelaf. No der 0:2-Néierlag géint Famagusta bleift Achnas op der leschter Plaz an der Tabell. Den Hall huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

Back to Top
CIM LOGO