Volleyball Champions LeagueCivitanova mam Kamil Rychlicki trëfft an der Véiereslfinall op Kozle

RTL Lëtzebuerg
E Freideg an der Mëttesstonn goufen d'Véierelsfinallen vun der Champions League am Volleyball gezunn.
© AFP Archivbild

De Kamil Rychlicki spillt mat sengem italienesche Veräin vu Civitanova géint Kozle aus Polen.

An deenen anere Matcher spillt Belchatow aus Polen géint déi russesch Ekipp vu Kazan, Berlin kritt et mat Trentino ze dinn an da gëtt et och ee reng italieneschen Duell tëscht Modena a Perugia.

D’Auslousung war am Sëtz vum europäesche Volleyball Verband hei zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO