DammebasketConter verléiert knapp géint de Gréngewald

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass am nationale Basketchampionnat bei den Dammen de 18. Spilldag gespillt ginn.

Conter - Gréngewald 64:67
Am Spëtzematch vum Dag huet d’Lokalekipp schwaach ugefaangen an huet nom éischte Véierel scho missen 11 Punkten ophuelen. D’Spillerinne vu Conter hu sech allerdéngs staark zréck an de Match gekämpft a si nees ganz no erukomm, um Enn sollt de Gréngewald awer d’Iwwerhand behalen.

Basket Esch - Diddeleng 72:81
Obwuel béid Ekippe gutt am Match waren, hunn déi favoriséiert Diddelengerinne sech d’Victoire net huele gelooss. An der Hallschent hate si sech eng Féierung vu 7 Punkten erschafft, wouru sech bis zum Schluss net méi allze vill sollt änneren.

Sparta Bartreng - Walfer 87:69
D’Sparta hat doheem géint Walfer keng Problemer a huet de Match vun Ufank un dominéiert. Schonn no den éischten 10 Minutte louchen d’Spillerinne vu Bartreng mat 11 Punkten a Féierung. Och am zweete Véierel huet d’Sparta net nogelooss, soudass d’Partie an der Paus mat enger Avance vun 23 Punkten entscheet war.

Zolwer - Wolz 79:89
Wolz huet vun Ufank un den Toun uginn an ass scho mat 9 Punkte Virsprong an den zweete Véierel gaangen. An der Suite war de Match du méi ausgeglach, ma et ass fir d’Lokalekipp awer net méi duergaangen, fir nach eemol erunzekommen.

Am Basket wënnt Wolz zu Zolwer
79:89 heescht et um Enn, woumat Wolz den zweete Match vun der Saison gewënnt.

Etzella - Musel Pikes 53:81
Am Ufank huet et tëscht der Etzella an de Musel Pikes no engem ausgeglachene Match ausgesinn. No an no sinn d’Pikes awer offensiv besser an d’Partie komm a konnte virun allem opgrond vun engem staarken drëtte Véierel däitlech gewannen.

Back to Top
CIM LOGO