
Am éischte Match vun der neier Saison huet Jonglënster näischt ubrenne gelooss an Déifferdeng mat 2:0 geklappt.
Mamer ass zum Optakt op den Opsteiger Rouspert/USBC getraff. Den Tabellenzweeten aus dem leschte Joer hat doheem keng Problemer mat der Entente an huet um Enn däitlech mat 10:0 gewonnen.
Och den SC Ell ass mat enger klorer Victoire an déi nei Saison gestart. Zu Dikrech konnt ee sech ouni Problemer mat 5:0 duerchsetzen.
Fir Beetebuerg, den Tabellendrëtte vum leschte Joer, gouf et eng däitlech Heemdefaite géint d’Entente WMG. Um Enn huet ee sech misse mat 1:4 geschloe ginn.