Internationale FuttballDäitlech Victoire fir Arsenal London

RTL Lëtzebuerg
D'Gunners iwwerrennen no zwee spéide Goler vum Martinelli Crystal Palace mat 5:0 a melle sech am Duell fir d' Meeschterschaft zeréck.
© AFP

Och an der däitscher Bundesliga gouf gespillt. Hei konnt sech ënnert anerem Dortmund mat 4:0 géint Köln behaapten. Leverkusen huet an der Spëtzepartie 3:2 zu Leipzig gewonnen.

An Italien huet AS Roum déi éischt Partie mam neien Trainer Daniele de Rossi fir sech entscheet.

Premier League

FC Arsenal - Crystal Palace 5:0
1:0 Gabriel (11'), 2:0 Gabriel (37'), 3:0 Trossard (59'), 4:0 Martinelli (90+4'), 5:0 Martinelli (90+5')

No 3 Matcher ouni Victoire ka sech Arsenal no der däitlecher Victoire géint Crystal Palace zeréck mellen. D’Lokalekipp huet wuel e bësse gebraucht bis si am Match waren, dono huet d’Ekipp vum Mikel Arteta de Match kontrolléiert a gewënnt ouni gréisser Schwieregkeete mat 5:0. Crystal Palace huet deemno vun deene leschten 12 Matcher just e konnte gewannen a steet an der Tabell weider am ënneschten Drëttel. Arsenal mellt sech am Kampf em den Titel zeréck a bleift virun Aston Villa op der 3. Plaz.

FC Brentford - Nottingham Forest 3:2
0:1 Danilo (3'), 1:1 Toney (19'), 2:1 Mee (58'), 2:2 Wood (65'), 3:2 Maupay (68')

An enger animéierter Partie huet Brentford wichteg 3 Punkten am Ofstigskampf gesammelt. Nottingham hat de bessere Start an de Match erwëscht a ass fréi a Féierung gaangen. D’Heemekipp huet de Match awer gedréint. D’Gäscht hunn net nogelooss a konnten nees ausgläichen. An der Ofwier war Nottingham awer net konzentréiert genuch an hu kuerz nom 2:2 den drëtte Géigegol missen astiechen. An der Tabell huet Brentford Nottingham iwwerholl a läit 6 Punkte virun enger Ofstigsplaz. D’Gäscht hunn op der 17. Plaz 4 Punkten Avance op eng direkt Ofstigsplaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AS Roum - Hellas Verona 2:1
1:0 Lukaku (19'), 2:0 Pellegrini (25'), 2:1 Folorunsho (76')

Nodeems de José Mourinho entlooss gouf, huet d’AS Roum den éischte Match ënnert dem neien Trainer Daniele de Rossi gewonnen. Schonn an der 1. Hallschent hu Lukaku a Pellegrini fir eng 2:0-Féierung gesuergt. Nom Säitewiessel ass d’Heemekipp dominant bliwwen, huet awer kee weidere Gol markéiert. D’Gäscht sinn awer nach emol op 1:2 erukomm, et sollt awer net méi duergoen, fir ee Punkt mat Heem ze huelen. Duerch dësen Erfolleg bleift Roum un den internationale Plazen drun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Coupe de France

A Frankräich stoungen um Samschdeg eng sëlleg Matcher an der 1/16-Finall vun der Coupe de France um Programm. Nantes aus der Ligue 1 war ënner anerem Laval aus der 2. Divisioun iwwerraschend mat 0:1 ënnerleeën. D’Amateure vun Trelissac aus der National 2 hu laang géint den 3. aus der ieweschter Divisioun Brest matgehalen. Um Enn huet den Underdog an de leschten 10 Minutten awer 2 Goler kasséiert a mat 1:2 de Kierzere gezunn. Nice huet sech donieft mat 3:2 zu Bordeaux duerchgesat. Monaco huet sech zu Rodez schwéier gedoen, konnt awer mat 3:1 gewannen.

La Liga

FC Villarreal - RCD Mallorca 1:1
1:0 Sörloth (45+1'), 1:1 Llabrés (90+1')

FC Valencia - Athletic Bilbao 1:0
1:0 Duro (61')

Valencia ass ee Gol duergaange, fir sech an der Spëtzepartie 1:0 duerchzesetzen. D’Gäscht hate méi Ballbesëtz an hu méi oft op de Gol geschoss, d’Heemekipp war awer an enger Situatioun effikass virum Gol. Valencia réckelt méi no un d’international Plazen erun. Bilbao bleift op der 3. Plaz, huet awer zwee Matcher méi gespillt wéi Barcelona an Atlético Madrid, déi an der Tabell hannendru sinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO