
An der Halleffinall huet d’Ekipp ronderëm de Kapitän Dennis Schröder eng sensationell 113:111-Victoire géint den Topfavorit USA gefeiert. E Sonndeg mussen déi Däitsch an der Finall elo géint Serbien untrieden, déi hir Halleffinall mat 95:86 géint Kanada gewonnen hunn. D’Finall ass e Sonndeg.