
No 40 Minutte war et Däitschland, déi deen éischte Gol vun der Partie geschoss hunn, dat vum Alexandra Popp, dat niewent der däitscher Nationalekipp fir Wolfsburg spillt.
Ma laang huet et awer net gedauert, bis d’Fransousen an dëser Partie nogezu sinn. An der 44. Minutt war et d’Kadidiatou Diani dat de Ball a Richtung Gol vun Däitschland bruecht huet. Onglécklecherweis fir Däitschland, ass de Ball um Réck vun der däitscher Goalkeeperin Marlene Frohms ofgeprallt an an den eegene Gol gaangen. Mam 1:1-Resultat ass et dann och an d’Kabinne gaangen.
No der Paus war et dunn an der 76. Minutt nees d’Alexandra Popp, dat fir den 2:1 fir Däitschland gesuergt huet. Bei dësem Score ass et dann och bis iwwert déi 4 Minutten Nospillzäit eraus bliwwen, sou dass Däitschland e Sonndeg an der Finall op England trëfft.
D’Finall gëtt e Sonndeg ëm 6 Auer virun 90.000 Spectateuren am ausverkaafte Wembley Stadion zu London gespillt.