EM-QualifikatiounDänemark klappt Finnland, Holland setzt sech an Irland duerch

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg gouf an de Gruppe B, E, G an H den Ufank vum 6. Spilldag vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2024 gespillt.
© HEIKKI SAUKKOMAA LEHTIKUVA/AFP

An der Spëtzepartie am Grupp H huet Dänemark sech a Finnland behaapt. Irland huet am Grupp B doheem géint Holland verluer. Albanien huet am Grupp E iwwerraschend géint Polen gewonnen.

Grupp B

Griichenland - Gibraltar 5:0
1:0 Pelkas (9'), 2:0 Mavropanos (23'), 3:0 Masouras (70'), 4:0 Mavropanos (83'), 5:0 Masouras (90+1')

Irland - Holland 1:2
1:0 Idah (4', Eelefmeter), 1:1 Gakpo (19', Eelefmeter), 1:2 Weghorst (56')

D’Spectateuren hu vun Ufank un eng intensiv an equilibréiert Partie gesinn. D’Heemekipp huet duerch en Eelefmeter séier den 1:0 markéiert. D’Gäscht sollten awer no 19 Minutten auszegläichen. De Gakpo hat och no engem Eelefmeter de Ball am Filet ënnerbruecht. No der Paus huet de Weghorst mat sengem Gol d’Partie komplett gedréint. Irland ass an der Suite offensiv näischt méi agefall, soudass et beim Succès fir d’Gäscht bliwwen ass.

Grupp E

Färöer Inselen - Moldawien 0:1
0:1 Rata (53')

Albanien - Polen 2:0
1:0 Asani (37'), 2:0 Daku (62')

Grupp G

Montenegro - Bulgarien 2:1
1:0 Savic (45+1'), 1:1 Borukov (79'), 2:1 Jovetic (90+7')

De Mann vum Match fir Montenegro war de Stevan Jovetic. An Ënnerzuel huet de Stiermer den 2:1 an de leschte Minutte vun der Nospillzäit markéiert. Montenegro war an der 1. Hallschent duerch de Savic 1:0 vir komm. No der giel-rouder Kaart fir de Vujacic huet Bulgarien fir d’éischt en Eelefmeter verschoss. An der 79. Minutt konnt de Borukov awer ausgläichen. D’Gäscht hunn de Match an de leschte Sekonnen awer nach aus der Hand ginn.

Litauen - Serbien 1:3
0:1 Mitrovic (21'), 0:2 Mitrovic (32'), 0:3 Mitrovic (43'), 1:3 Paulauskas (45')

Grupp H

Kasachstan - Nordirland 1:0
1:0 Samorodov (27')

Finnland - Dänemark 0:1
0:1 Höjbjerg (87')

Am Spëtzematch huet Dänemark sech duerch e Gol an de leschte Minutten a Finnland duerchgesat. An der 1. Hallschent hat Dänemark méi vun der Partie, d’Golchancë konnten awer net genotzt ginn. Och nom Téi waren d’Gäscht iwwerleeën. Et huet bis an déi 87. Minutt gedauert, éier den Höjbjerg mat engem Wäitschoss den entscheedende Gol markéiert huet. An der Tabell huet Dänemark Finnland duerch dësen Erfolleg iwwerholl.

San Marino - Slowenien 0:4
0:1 Vipotnik (4'), 0:2 Mlakar (16'), 0:3 Lovric (61'), 0:4 Karnicnik (67')

Back to Top
CIM LOGO